Contact:

LuxPélé
4, rue Génistre
B.P. 419
L-2014 Luxembourg
pelerinages cathol.lu
Tél: 462023-42

Horaire :
Lundi
de 8h30 à 16h30
et du mardi au jeudi
de 8h30 à 12h00

 

Pèlerinages diocésains

Lëtzebuerg, Abrëll 2020

Léif Famill vun de Lourdes-Pilger,

No villen Iwwerleeungen um Hannergrond vun der Corona-Pandemie hunn d’Bëscheef vu Metz a Verdun an den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg decidéiert, fir déi gemeinsam Pilgerfaart op Lourdes am Juli 2020 ze annuléieren. Dës Entscheedung ass hinnen net liicht gefall well gewosst ass, datt vill vun Iech sech schonn op de Rendezvous virun der Grott vu Massabielle gefreet haten an éischt Preparatiounen ugelaf waren.
Bei der Evaluéierung vun de Risiken, net nëmme fir déi Krank mee och fir déi aner Pilger mat de Foulards Blancs, blouf keng aner Wiel. De Schutz vun Ärer Gesondheet muss virgoen. D’Ofso vun eiser Pilgerfaart ass net nëmmen e schwéiere Coup fir äis selwer mee och fir d‘Responsabel vum Sanctuaire vu Lourdes a fir all Leit, déi ekonomesch dovun ofhänken.
Dir wësst, datt um Ufank vun den Erscheinungen d’Grott duerch déi politesch Responsabel zougemaach gouf an awer konnt dës Ofspärung d’Leit net drun hënneren, fir zu der Muttergottes ze bieden. Haut hënnert äis de Virus drun physesch bei d’Grott ze pilgeren, mee am Häerz kënne mir äis all Dag un dem Jesus seng Mamm an all eisen Uleies wenden. Eise Glaf iwwerwënnt all Distanz. Ech invitéieren Iech dofir an der Zäit vum 19. bis 25. Juli 2020 op eng geeschteg Wallfaart op Lourdes. Zesumme mat dem Pilgerbüro vun eiser Diözes wëll ech Iech Hëllefen ubidden, fir am Geescht vum Joresthema vun de Sanctuairen („Je suis l’Immaculée Conception) vun doheem aus Iech mat Lourdes ze verbannen. Mellt Iech weg beim Pilgerbüro andeems Dir d‘Annexe vun dësem Schreiwes ausfëllt, wann Dir wëllt vun dëse Gebietshëllefe profitéieren.
Och am Numm vum Kardinol Jean-Claude Hollerich wëll ech Iech eis Verbonnenheet ausdrécken an Iech versécheren, datt mir Iech an eisem Gebiet droen. Grad deene Kranken, op doheem oder an Institutiounen, wësse mir äis an dëser Zäit no an hiren Ängschten a Suergen.
D’Tréischterin am Leed soll Iech eng fest Stäip sinn. Zielt op hiert Gebiet an op dat vun der Helleger Bernadette Soubirous!

Mat häerzleche Gréiss,

+ Leo

Weibëschof, betraut mat der Presidence vun der Lourdes-Wallfaart 2020

https://cathol.lu/article8809

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement