Liens . Links
 

Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg asbl

Aktuelles

Mir soe jidderengem Merci deen e Kalenner kaf huet an domadder eise Veräin an d’Organisatioun Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal, ënnerstëtzt huet. Esou konnte mir en Don am Wäert vun 1150€ un d’Organisatioun maachen.



Opgepasst mir hunn eng nei Kontosnummer!!

Grands-Clercs de la Cathédrale:
CCRALULL LU29 0099 7800 0091 7484

D’Fotoen vun der Bamplanzaktion sinn do:
Bamplanz-Aktioun am Kader vum diözesane Jubiläum ‘150 Joer Diözes Lëtzebuerg’
Klicken Sie auf das Bild, um das Fotoalbum zu öffnen


Dir fannt äis och an de Sozialnetzwierker wéi Facebook an Instagram:
Facebook: https://www.facebook.com/GrandsClercs/
Instagram: https://www.instagram.com/grandsclercs/
Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener
Foto: René Scho
Wann Dir äis finanziell ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat gären op folgende Kont maachen.
Mir soen Iech elo schonns villmools Merci fir Ären Don.
Grands-Clercs de la Cathédrale:
CCRALULL LU29 0099 7800 0091 7484

All Massendénger/innen aus dem ganze Land sinn am Grupp wëllkomm, wa si:

  • am Alter tëschent 14 an 30 Joer
  • bereet sinn, öffentlech fir hire Glawen a fir Christus Zeechnes ofzeleeën;
  • iwwert e bëssen Zäit verfügen;
  • bereet sinn, an engem Grupp vu Jugendlechen als Team sech ze engagéieren.

An deem Grupp gëtt proposéiert:

  • aktiv Partizipatioun un de Bëschofsliturgieën bei Festdeeg (Pontifikalämter uechter d’Joer, Te Deum, verschidden Massen an der Oktav…);
  • Begéinung vun engagéierte Jugendlecher, déi hire Glawe liewen a sech géigesäiteg duerch Frëndschaft an Austausch ënnerstëtzen an encouragéieren;
  • Flott Aktivitéiten (Ausflich, Pilgerreesen, Grillowender...)
  • spirituell Begleedung duerch den Här Äerzbëschof an de Bëschofszeremoniar.
D’Grands-Clercs zesumme mam Här Äerzbëschof, dem Chanoine Tom Kerger an hirem Präses Jempi Reiners
Foto: Nicole Knoch
Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg - Oktav 2018
Foto: Jempi Reiners
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement