Liens . Links

Contact:

5 rue Munchen Tesch L-2173 Lëtzebuerg
Tél.: 26 94 84
info lgs.lu

 

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Learning By Doing

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen. Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Robert Baden-Powell (kuerz BP). Dat praktescht Schaffen an d’Selwermaache sti virop. Esou kréien d’Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.
Bei den LGS sinn déi meescht Gruppe gemëscht, mat Meedercher a Jongen. Och behënnert Kanner a Jugendlecher kënne matmaachen (Gamma). Bei eis gëtt all eenzelne Member a senger Individualitéit gestäerkt fir seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Et gëtt net no Geschlecht, moralescher oder reliéiser Iwwerzeegung bewäert.
Et ginn am Land eng 58 lokal Gruppe mat méi wéi 5.000 Memberen. Mir gehéieren zu de Weltverbänn vun de Guiden (WAGGGS) a Scouten (WOSM). Mat bal 38 Millioune Memberen ass de Scoutissem/Guidissem de weltwäit gréisste Jugendmouvement.

Ask the boy / ask the girl

Progressiv Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hir Cheftainen a Chef, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem eegene Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Cheftainen Chef, déi alleguer hir Aarbecht benevol duerchféieren.

Natur erliewen an international Frëndschafte liewen

D’Natur bitt net nëmmen de Kader vun eisen Aktivitéiten, mee d’Kenneléieren an de Respekt virun der Ëmwelt stinn am Mëttelpunkt.
Vill Wäert gëtt och op d’international Kontakter geluecht. D’Grondiddi heibäi ass: Mat gudde Frënn am Ausland gëtt ee méi räich an oppe fir Neits. Haaptzil ass a bleift de Fridden op der Welt. ’’LGS sinn, nieft hiren traditionelle Guiden- a Scoutsaktivitéiten, staark an der Entwécklungszesummenaarbecht engagéiert. Projeten an deem Beräich geschéien an Zesummenaarbecht mat der ONGD “Guiden a Scouten fir ENG Welt”.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement