Aufgaben

De CGP (Conseil de la gestion paroissial) ass dee Rot, deen am Numm vum Kierchefong an eiser Par d’Finanzen an d’Immobilien geréiert. De CGP kuckt déi eenzel Budgetën vun eise Kierchefabriken an der Pastoral, kuckt fir déi finanziell Enner an eiser Par zesummenzekréien. Si mussen duerfir suergen, datt Finanzen do sinn fir daat kierchlecht Liewen an eier Par ze assuréieren.

Eng nei grouss Aufgab ass déi, datt si sech bekëmmeren ëm d’Immobilien an hier Gérance. Si vertrieden eis Par am Kierchefong a sinn den Usprechpartner vum Kierchefong bei eise Gemengen. Hier Aufgab ass et also, d’Kapital vun eiser Par ze geréieren.

Well esou eng Par awer grouss ass, a well niewent dem Finanziellen och no eise Kierchen um Terrain gekuckt muss ginn, ass de CGP ënnerandeelt an:

  • Gemengekierchefabrik Biissen: si ass zoustänneg fir d’Kierch an d’Wobiergskapell;
  • Gemengekierchefabrik Habscht: si ass zoustänneg fir d’Kierche vun Äischen, Gräisch, Habscht, Simmer an d’Kapell vu Rued/Äisch;
  • Gemengekierchefabrik Helperknapp: si ass zoustänneg fir d’Parkierch vu Bruch, d’Kierchen vu Béiwen/Atert, Bëschdref, Huelmes an Téinten souwéi fir d’Kapellen vun Aansebuerg, Bur an Helperknapp;
  • Gemengekierchefabrik Sëll: si ass zoustänneg fir d’Kierche vu Kaalmes a Sëll a fir d’Kapellen vun Iener, Kapweiler a Schweebech.

Derniewent hu mer och dee pastoralen an administrative Volet vun eiser Par, dee finanzéiert muss ginn (Parbüro, Parbréif, Éischtkommioun, Firmung a Katechees).

Eis Gemengekierchefabriken ënnerstinn dem CGP, deen daat lescht Wuert huet, an eisen CGP ënnersteet dem „Conseil d’administration“ vum Kierchefong, dee mat Rot an Dot zur Säit steet, an d’Decisiounen vum CGP validéiere muss. Konkret heescht dat: d’Kapital bleift an der Par, an de CGP decidéiert iwwert dat, wat an eiser Par geschitt. Mä all dës Decisiounen (daat ass bei der Gemeng nët aanescht) muss vum „Conseil d’administration“ validéiert ginn, sou, datt eng Transperenz vis-à-vis vum Saat an de Gemengen assuréiert ginn. All Joer muss de Kierchefong dem nationalen Rechnungshaff seng Konnte virleeën. Dat erméiglecht ee professionellt Schaffen an hëlleft äis, d’Finanzen sou ze geréieren, datt mer hoffnungsvoll an d’Zukunft kucke kënnen.

De CGP ass dee wichtegste Rot, dee verpflichtend ass fir eis Par. Wann elo, faute de combattants, eng Gemengekierchefabrik nët méi genuch Leit huet fir ze fonktionnéieren, iwwerhëlt selbstverständlech de CGP dës Aufgab. De CGP ass vum Kierchefong virgeschriwwen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement