lb fr

1. hl. Kommioun

Zur 1. hl. Kommioun zougelooss ginn nëmmen déi Kanner, déi:

  1. dat 3. Joer hannenaner an der Katechees sinn;
  2. un der ganzer Virbereedung, déi d’Par virgesinn huet, deelhuelen;
  3. reegelméisseg der Sonndesmass bäiwunnen.

All Sonndeg um 11:45 Auer an der Parkierch zu Bruch (vu September bis Juli): Kannermass um Sonndeg

Wéi gesäit d‘Virbereedung op d‘Kommioun aus?

  • 9 Virbereedungsdeeg, d.h. 9 Samschdeger vun 9.00 bis 12.00 Auer (tëschent Oktober a Juni);
  • eng Beichtfeier Ufank Juni
  • Prouwen virun der Kommioun;
  • Danksagungsmass no der Kommioun

D‘Kommioun ass virgesinn um Weekend vum 27./28. Juni 2026

Leschten Délai fir d‘Umeldungen fir d‘Kommioun 2026: 30. September 2025

Fir weider Informatiounen an Umeldungen:

email: aischdall-helpert@cathol.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement