Pastoralteam

Eng Par gëtt vun engem Pastoralteam geleed. D’Pastoralteam ass zoustänneg a responsabel fir déi pastoral an administrativ Aufgaben an eiser Par. An eisem Pastoralteam hu mer am Moment dräi Leit: de Paschtouer, den Diakon an d’Sekretärin. De Paschtouer ass zoustänneg fir d’Sakramentespendungen an d’pastoral Begleedung vun de Mënschen. Hiën ass den Haushär vun de Kierchen an trëfft d’Decisiounen, wat d’Pastoral ugeet.

E Paschtouer kann ënnerstëtzt ginn vu weidere Geeschtlechen (Kaploun, Subisidiar…). Bei äis an der Par ass momentan de Paschtouer alleng als Geeschtlechen a versicht, d’Par zesummenzehalen an zesummenzeféieren. Hië gët ënnerstëtzt vum Diakon, dee bei äis bénévol matschafft. Vill Bénévoler schaffen mat: sou sinn si, ënnert der Leedung vum Pastoralteam, zoustänneg fir d’Katechees (Organisatioun, Inhalt) an d’Éischtkommiounsvirbereedung a coordinéiere déi betreffend Teamer. Ënnerstëtzt gët d’Pastoralteam vun der Sekretärin. Nët ze vergiessen den Abbé René Reuter vun Äischen, deen och nach vill Déngschter bei äis feiert.

D’Pastoralteam ass also d‘ „Exekutiv“ vun eiser Par. Well och ee Pastoralteam nët alles alleng maach kann, ginn si um Niveau vun der Par vun zwee wichtege Réit berooden a begleed:

  1. fir d’Finanzen vun der Par: Conseil de gestion paroissial (CGP).
  2. fir d’Pastoral an der Par: Pastoralrot.

Abbé Joël Santer, curé

Presbytère
61 route d’Arlon, L-7415 Brouch (Mersch)

Tel. 26 61 04 03

Email

Abbé Joseph Halsdorf, diacre permanent

Email

Parzenter Bruch

61A, route d’Arlon, L-7415 Brouch (Mersch)

Tel. 20800260 / Nouttelefon: 621966429

Email

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement