Liens . Links

Kontact

Fondatioun Sainte-Irmine
4, rue Génistre
L-1623 Luxembourg

T +352 462023
info irmine.lu

 

Fondatioun Sainte-Irmine

fr
D’Fondatioun Sainte-Irmine gouf 2012 mam Zil gegrënnt, fir déi pastoral Projete vun der Äerzdiözees ze ënnerstëtzen.

De Verwaltungsrot vun der Stëftung huet fënnef Memberen a gëtt presidéiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, deen um Ufank vun dëser Initiativ stoung. Déi aner Membere vum Verwaltungsrot sinn de Mgr Leo Wagener, den Här Marc Wagener, den Här Guy Schleder an den Här Christian Descoups.

D’Projeten, ob Evenementer oder laangfristeg Initiativen, ginn all mat grousser Suergfalt vum Verwaltungsrot vun der Stëftung ausgewielt. Si droen dozou bäi, d’Pastoral vun der Kierch ze entwéckelen an de Message vu Jesus Christus u ganz vill Leit weiderzeginn.

D’Fondatioun haut

D’Fondatioun Sainte-Irmine gouf och mam Zil gegrënnt, fir d’Kierch vu muer matzefinanzéieren, dëst via de Projet “Zukunftsfong” (Fonds d’Avenir). Bis Enn 2022 sinn ronn 3 Milliounen Euro fir dëse Fong erakomm. Dës zweckgebonnene Spenden ginn dann, wa se gebrauch ginn, genotzt fir d’Paie vum Klerus an den haaptamtlechen Laien, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn, ze bezuelen.

D’Fondatioun ënnerstëtzt d’Formatioun vun de künftege Geeschtlech hei zu Lëtzebuerg. Eng zeng Seminariste preparéieren sech am Moment op d’Priistertum an der Äerzdiözees Lëtzebuerg. Dës Männer maachen de couragéierte Schrëtt, Christus nozegoen an hirt Liewe ganz an den Déngscht vun der Kierch ze stellen. Si sinn Deel vun der Zukunft vun der Kierch.

D’Stëftung steet fir déi Wäerter, déi si duerch déi verschidde Projeten matdréit: Gebiet a Gemeinschaft, zum Beispill via d’Tëleesmass, Ausbildung, Weiderreeche vum Glawen un déi Jonk, Begéinung an Deelen, Accueil an Ënnerstëtzung vu Flüchtlingen duerch Reech eng Hand an d’Virbereedung op d’Zukunft. Dës Wäerter gi gedroe vun der Nächsteléift, déi och an Ären Done siichtbar gëtt.

Eis Perspektive fir muer

Dank Ären Done kann d’Fondatioun och weiderhin déi 22 Projeten, déi d’Kierch um Terrain wuessen dinn, beschtméiglech ënnerstëtzen.

Ierfschaften a Schenkungen

Ierfschaften a Schenkungen maachen e groussen Deel vum Volume vun den Donen aus. D’Ekipp vun der Fondatioun steet zu Ärer Verfügung, wann Dir eis vun Äre Wënsch erziele wëllt oder wann Dir eng Fro un eis hutt. Mir si fir Iech do!

Bankkonte vun der Fondation Sainte-Irmine

CCPL LU64 1111 7017 0305 0000

 
Fir weider Informatiounen, kuckt w.e.g. op der Websäit vun der FondatiounSainte-Irmine:

Don en ligne

D’Fondatioun Sainte-Irmine huet hire Rapport 2022 publizéiert a seet allen Donatricen an Donateure villmools Merci

Erhéijung vun den Done vu 34 % –
D’Fondatioun Sainte-Irmine huet wärend dem Exercice 2022 am ganzen 2.040.832 € gesammelt…


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement