Hellegen Tarzisius

De Schutzpatréiner vun de Massendénger

Den Hellegen Tarzisius war ee jonke Mann den am 3.Joerhonnert zu Roum gelieft huet. Hien huet zu der Grupp vu Chrëschte gehéiert, déi verfollegt gi sinn. Der Legend no gëtt erzielt, dass den Hellegen Tarzisius enges Daags d´Helleg Kommioun bei krank Mënsche brénge sollt. Um Wee dohinner gouf hie vu jonke Männer gestoppt a gefrot hinnen ze weise wat hien ënnert sengem Gewand verstoppt. Den Tarzisius huet sech geweigert , awer d´Männer hunn hin gezwongen. Um Enn gouf hie vun de jonke Männer geschloe bis hien dout war.

Dat war ee Märtyrerdoud. Den Tarzisius huet säi Liewen hiergi fir säi Glawen, fir Jesus.

Den Tarzisius oft duergestallt, wei hien um Buedem läit a wei hien d´Helleg Kommioun bei senger Broscht hält. Heiansdo gëtt hien och duergestallt, wei hie geet a Steng, d´Helleg Kommioun an eng Palm an der Hand hält, als Zeeche fir säi Märtyrerdoud.

 

Den Tarzisius gëtt de 15. August veréiert, mä well do och ,, Mariä Himmelfaart´´ass gëtt den Tarzisius e bësschen an den Hannergrond gesaat. 

Den Numm Tarzisius kennt aus dem Griicheschen a bedeit ,, de Couragéierte ´´.

Den Hellegen Tarzisius ass Schutzpatréiner vun de Massendénger an den Eischtkommiounskanner.

Den Tarzisius ass Schutzpatréiner vun de Massendénger, well hie warscheinlech een Akolyth war a bei der Liturgie gehollef huet. Deemools huet d´Kommioun ausdeelen och zu der liturgescher Hëllef gehéiert an dat huet den Tarzisius jo gemaach. Hien war deemools warscheinlech kee Massendénger wei mir et haut kennen, awer hie war no drun.

Quellen:  [1]
 [2]

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement