Wat si Massendénger ? Wat machen si? Bestëmmt...

Wen si Massendénger ? Wat machen si?

 

Bestëmmt huet Dir Iech scho gefrot, wat d´Massendénger sou alles machen oder wien si sinn.Warscheinlech hutt Dir se schonn an enger Mass gesinn oder Dir hutt et vu Frënn héieren, déi et als Hobby machen.

 

Massendénger hëllefen an der kathoulescher Kierch dem Paschtouer wärend der Mass. Sie hunn vill Aufgabe wärend der Mass. Sie kënnen d´Liesung maachen, awer och d´Käerze beim Evangelium droen. Bei der Gowebereedung brénge sie d ´Saache fir d ´Eucharistiefeier,schwenken de Wäirauch, sammelen den Affer a schelle wärend der Wandlung .

 

Als Massendénger hëlleft een net nëmmen an der Mass, mä et kann een och bei Dafen, Hochzäiten a Begriefnisser massendéngen. Massendénger treffen sech och ausserhalb vun de Massen a machen zesummen Aktivitéiten, wéi z.b. an de Klackentuerm kucke goen,zesumme Bibel liesen an der Massendéngerkateches,...

Quellen: [1]

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement