Massendénger Lexikon

Wann ee Massendénger ass, muss ee verschidde Begrëffer kennen, déi ee virdru villäicht nach ni héieren huet.

Fir et Dir méi liicht ze maachen,wann s Du Massendénger bass oder gëss, hunn mir ee klenge Lexikon fir Dech erstallt.

Wann s Du d´Mass denge kenns, ass et am beschten Du kenns eng hallef Stonn éischter. D´Massendénger an den Här Paschtouer dinn sech an der Sakristei liturgesch un. Wann s Du an d´Sakristei kenns ass meeschtens schonn de Koschter oder ee grousse Massendénger do, den Dir hëlleft, falls Du eng Fro hues oder net weider weess.

Wéi di mir eis un ?

 

1. Schëllerduch, wat hien sech ëm de Hals leet.
2. Aalef, déi gëtt ënnert dem Massgewand gedroen.
3. Zingulum, eng Kordel fir den Här Paschtouer.
4. Stola, gëtt och ënnert dem Massgewand gedroen.
5. Massgewand, ee Stoff mat Auschnëtt op der Säit an de passende liturgeschen Faarwen.

1. Tunik
2. Kräiz, an de passende liturgeschen Faarwen.
3. Kordel, an de passende liturgeschen Faarwen.

D´liturgesch Faarwen :

D`liturgesch Faarwe wiesselen sech am Joer of, jee no Fester. Ee liturgesche Kalenner, kennt Dir an all Sakristei am oder beim Massendéngerschaf fannen.

Wäiss / Giel

Wäiss ass d´Faarf vun der Freed a vun der Rengheet. Dëst Faarf gëtt op grouss Fester ugedoen, wéi z.b. Ouschteren,Chrëschtdag,Festdeeg vun den Hellegen,... D´Wäiss Faarf gëtt och bei der Daf, Hochzäit a Priisterwei ugedoen.

Rout

D´rout Faarf ass Zeeche fir Feier a Blutt. Rout gëtt op Péngschten, Karfreideg an och op Festdeeg vun Hellegen, déi de Märtyrerdoud erlidden hunn gedroen. Bei der Firmung däerf rout Faarf natierlech och net feelen.

Mof
 
D’Mof Faarf ass een Zeeche fir Bouss an Trauer. Dëst Faarf gëtt an der Faaschten- an Adventszäit gedroen a bei der Krankesalbung. Bei Begriefnisser kann een d’mof oder d’schwaarz Faarf undoen.

Gréng

Gréng ass d´Zeeche fir Liewen an Hoffnung. Dëst Faarf gëtt an all Gottesdéngscht ugedoen, wann keng besonnesch Fester virgeschriwwe sinn.

Wat brauche mir fir eng Mass feieren ze kennen ?

1. Kielech, ee (Becher) as wäertvollem Material, wou de Wäin an d´Blutt Christi verwandelt gëtt.
2. Kielechduch, wat no der Kommioun benotzt gëtt fir de Kielech propper ze maachen.
3. Patene, ee (Teller) aus wäertvollem Material, wou d´Priisterhostie dropgeluecht gëtt.
4. Palla, ee Deckel an de passende liturgesche Faarwen, den zum Ofdecke vum Kielech ass.
5. Korporale, ee wäisst gefaalten Duch, wat op den Altor geluecgt gëtt, wou wärend der Mass den Kielech an d´Patene dropgesat ginn.
6. Kielechvelum, ee Stoff aus dem selwechte Material wei d´Massgewand , wat iwwert d´Palla op de Kielech eriwwergeluecht gëtt.
7. Kännercher fir Wäin a Waasser, déi si meeschtens aus Glas oder aus Leem. A steet fir Aqua - Waasser a V steet fir Vinum - Wäin.
8. Duch, wat fir d´Ofdréchne vun dem Här Paschtouer sengen Hänn ass.
9. Schellen
10. Afferkierfchen, domadder ginn d´Suen fir d´Kierch agesammelt.

Zousätzlech Geräter déi mir fir d’Mass kéinten gebrauchen

1. Monstranz, ass ee Stänner aus engem wäertvollem Material, wat oft a schéi geformt ass an an der Mëtt ass ee klengt Lach, wou d´Hostie drageluecht gëtt.
2. Velum, ass een Duch aus edlem Stoff, wat den Här Paschtouer vun de Massendénger op d´Schëllere geluecht kritt, woumat hien d´Monstranz hält, z.b. bei Prëssessiounen.
3. Prëssessiounskräiz, ass ee Kräiz op engem Staf, wat bei de Prëssessioune matgeholl gëtt.
4. Schëffelchen, ee klenge Behälter wou de Wäirauch gedroe gëtt.
5. Wäirauchsfass, ass ee Behälter aus Metall, den un laange Ketten hänkt, a wou bannendran d´Kuel geluecht gëtt, wou de Wäirauch op der Kuel verbrannt gëtt an den Damp duerch den Deckel rauskënnt.
6. Flambeau, eng laang Käerz mat engem gliesenen Deckel, déi bei der Mass a bei de Prëssessioune gebraucht gëtt.
7. Wäiwaassergefäß mat enger Aspergille, ass ee klengen Eemer mat engem Greff wou sech d´Wäiwaasser befënnt an d´Aspergille ass eng Metallkugel un engem Staf, woumat d´Wäiwaasser beim Seegen verspreet gëtt.

Quellen: [1]

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement