Kiermes a Christophorus-Seenung zu Éileng

25. Juli 2026

Den hellege Christophorus ass als Patréiner vun den Autofuerer, de Reesenden, awer och allen anere Verkéiersmembere bekannt.

Am Kader vun der Éilenger Kiermes luede mir Iech dofir an, mat Äre Gefierer (Auto, Trakter, Asazwon, Bus, Camion, Motorrad, Vëlo, Trottinett, Kutsch, etc.)

e Samschdeg, de 25. Juli 2026
un der Christophorus-Seenung deelzehuelen.

Dës Feier steet am Zeeche vun der Sécherheet an dem géigesäitege Respekt am Stroosseverkéier. Mir géifen eis freeën, wann Dir dës Feier duerch Är Participatioun géift beräicheren.

Programm

  • 18:00: Antreffen an Opstelle vun de Gefierer an der Rue de l’École an an der Rue Langenbetten
  • 18:30: Kiermesmass an der Éilenger Kierch
  • duerno: Seenung vun de Gefierer mat Ausdeele vun engem klengen Undenken

Mir freeën eis iwwert e klengen Don fir d’Restauratioun vum Éilenger Kierchtuerm.
Op der Kiermesplaz ass fir Iessen an Drénke gesuergt.

Kontakt: chrisbos@pt.lu, 621 21 30 49

Mir freeën eis op e flott Fest!

Organisateur
Fir d’Par Mess-Réibierg Sainte-Famille: Frënn vun de Kierchen aus der Gemeng Reckeng zesumme mat der Kierchefabrik FE087 (Reckeng/Mess)

Christophorus-Seenung
Invitatioun
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement