Liens . Links
 

Gëllend Priisterjubiläum vum P. Mathieu Janssen M.O.

Mir hunn den 11. September déi 50 Joer Priisterwei vum H. Paschtouer Mathieu Janssen M.O. zu Useldeng gefeiert. Et war dat eng schéin, freedeg a beandrockend Feier, voll Dankbarkeet a gudder Ërennungen fir e Priister, deen och an eiser Par wärend méi wéi 30 Joer virbildlech pastoral gewierkt huet.

Hie bleift och nach bei eis, esou laang wéi seng Gesondheet et him erlaabt.

An esou wëlle mir him vun hei aus déi beschte Gléck- a Segenswënsch ausdrécken.


v.l.n.r. : Jacques Bagnoud, Vincent Billot, Mathieu Janssen, Olivier Crucifix, Jean-Jacques Flammang

D’Kierch am Duerf-Gemeng Useldeng deelt mat :
Op Grond vum grousse Succès vum FILM iwwert d’Priesterliewe vum Abbé Mathieu Janssen mam Titel : “Ee Liewe fir d’Evangelium” - “Et geet nit duer, just sonndes an d’Houmass ze gouen”, hu mir op villfache Wonsch décidéiert, Kopie vum FILM hirzestellen, déi deenen Interesséierten Awunner aus eiser Par géint Iwwerweisung vun 20€ fir eng DVD, resp 25€ fir een USB Stick, géif heemgeliwwert ginn.

Iwwerweisung : Film : EVANGELIUM / ..... x DVD resp......USB-Stick
Cpte Kierch am Duerf-Gemeng Useldeng : CCRA LU14 0099 7800 0053 7126.

Mir soe Merci !

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement