Reech eng Hand Bartreng-Stroossen

E konkret Engagement mat a fir Mënschen, déi aus hirer Heemecht hu misste flüchten, friem an eisem Land sinn, an sech wëlle bei eis integréieren

Wat maache mir?

  • Mir fleegen de Kontakt mat de Flüchtlingsfamilljen, déi an enger vun eisen 2 Uertschaften wunnen: privat, an enger Sozialwunneg oder am Foyer vun der Croix Rouge zu Bartreng.
  • Mir organiséieren Méiglechlechkeeten sech ze begéinen, aner Leit, eist Land an eis Kultur kennen ze léieren: z.B.
    • bei der Kaffisstuff , déi mir an Zukunft reegelméisseg wëllen organiséieren.
    • op engem Ausflug, dee mir wéinstens 1mol am Joer organiséieren
    • 2023: während der Oktav an d’Stat, wou mir zesummen d’Alstat entdeckt hunn, hinnen awer och en Abléck an d’Kathedral an op de Mäertchen erméiglecht hunn, esou datt si och eis Traditiounen konnte kenne léieren
  • Mir organiséieren kreativ Atelieren, och als Virbereedung op de Bazar, wou mir mat engem Stand vertruede sinn.

Materiell Ennerstëtzung

  • Mir ënnerstëtzen déi Familljen, déi eng Wunneng fannen mat engem konkrete Géigestand: z.B enger Wäschmaschinn.
  • Mir ennerstëtzen Jugendlecher, déi sech an engem Veräin engagéieren, an z.B eng Uniform brauchen.

Wee si mir?

◦ Mir sinn e Grupp vun 8 Leit. Mir loossen eis vum Thema „Op der Flucht“, „Friem an eiser Gesellschaft“ an „Integratioun“ beréieren a mir probéieren eis mat dësen Themen ausernaner ze setzen. Dofir begéine mir eis reegelméisseg.
◦ Mir gehéieren zu der Dimensioun „Diakonie“ vun eiser Por.
◦ Mat klenge konkreeten Usäz an Aktivitéite wëlle mir eise Beitrag zu enger méiglecher Integratioun leeschten.

Hues du Loscht matzemaachen?
Mir géifen eis freeën, nei Leit bei eis am Grupp wëllkomm ze heeschen!

Kontaktdaten:
Reech eng Hand Bartreng-Stroossen
Adresse postale: 2, place des Martyrs L-8032 Strassen

Fir eis direkt ze erreechen :
Marie-France Bemtgen-Jost – Tél: 691 270 662

Reech eng Hand Bartreng-Stroossen
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement