Mär sinn an d’Oktav gepilgert

Den 20/05/25 ass d’Dekanat vum Süden-West an d’Oktav gepilgert.
Um 17.00 hate mär e schéinen, meditativen Gebietsmoment an der Mëchelskierch. Mär hunn eis un eis Daf erënnert.
Geleet gouf deen vun 2 Katechetinnen aus der Par Déifferdeng, zesummen mat enger Bénévoller.
Et waren ganz vill Leit komm. D’Kommiounskanner vun der Par Déifferdeng waren all matdobäi.
Dono si mär sangend an der Pressessioun duerch d’Uewerstad an d’Kathedral gaang. Spontan hunn sech Leit um Stroosserand dem Gesang vum Magnificat ugeschloss.
An der Kathedral hu mär d’Pilgermass gefeiert. E speziell zesummegestallten Dekanats-Chouer huet eng schéi Mass gesongen.
Zum Schluss vun der Mass hunn d’Kanner aus der Kateches vum ganzen Dekanat der Tréischterin eng selwer gestallte Blumm / Häerz ... geschenkt.
Hei e puer Impressiounen. Merci fir déi schéi Fotoen.


zeréck op Paraktivitéiten

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement