lb fr

Mathias

Säin Numm kënnt aus dem Hebräeschen an heescht iwwersat: Geschenk Gottes. Hien ass eigentlech kee bekannte Personnage, well mer iwwert hie wéineg aus der Bibel wëssen, awer mer kënnen aus spéidere Quellen iwwert hie liesen.
An der Apostelgeschicht gëtt erzielt, dass de Mathias vun de Jünger an d‘Plaz vum Judas Iskariot gewielt ginn ass, nodeems de Judas de Jesus verroden a sech d’Liewe geholl hat.
Aus der Apostelgeschicht geet och ervir, dass de Mathias vun Ufank un en noen Unhänger vum Jesus woar. Hie war zwar keng Grënnungsfigur wéi de Péitrus a keen Theolog wéi de Paulus, awer hien huet de Jesus wierklech gesinn, héieren an erlieft. Hie war Aenzeien vu sengem Wierken.
Der Legend no si seng Schanke méi wéi 250 Joer no sengem Doud vun der Mamm vum Keeser Konstantin, der helleger Helena a Palestina fonnt ginn.
De Bëschof Agritius huet d’Schanken op Tréier brénge gelooss, wou si vum Mëttelalter un a bis haut veréiert ginn, och wann d’Authentizitéit vun de Schanken haut contestéiert gëtt.
D‘Veréierung vun engem Hellegen an de Respekt virun him sinn awer méi wichteg a laanglieweg wéi d’Echtheet vu Reliquien!
De Mathias war deen, deen den ierdeschen an den operstanene Jesus kannt huet an hie ka soen:
Ech war derbäi, wéi hie geheelt a gepriedegt huet.
Ech war derbäi, wéi hie gestuerwen an operstan ass.
Ech sinn him nogaangen, hu gesi wéi hie Kranker geheelt huet.
Ech war Zeie wéi hien de Stuerm roueggestallt huet an zu eis sot: “Fäert net!”
Ech hunn seng Stëmm héieren, wéi hie vun der Léift vum Papp geschwat huet, enger Léift, déi keen ausschléisst.
Ech stung an der Mënschemass, wéi hie vu Fridden, vu Verzeien a vun der Kraaft vum Geescht geschwat huet.
Dem Mathias säi Glawe berout op Trei an eegener Erfarung an net op enger Visioun oder enger Léier.
Bei eis an am däitsche Sproochraum gëtt den hellege Mathias de 24. Februar gefeiert.


Meditatiounen am Advent (lb/fr)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement