lb fr

Péitrus

Loosse mer haut méi genee op de Simon-Pierre kucken.
De Simon ass den éischte vun den Apostelen.
De Jesus gëtt him den Numm ‘Pierre’, ‘Péitrus’.
En neien Numm kréien heescht an den Texter vun der Bibel : eng nei Missioun kréien.
Am Evangelium ass den Apostel Péitrus op ville wichtegen Amenter mat derbäi : beim wonnerbare Fëschfank, beim Jesus senge Wonner, bei de Gläichnesser, bei der Verklärung, bei der Fousswaschung.
Op Gréngen Donneschdeg, an der Nuecht vun der Passioun, leegent de Péitrus säi Meeschter a behaapt dräimol noeneen, de Jesus net ze kennen. Hie fäert den Doud ze riskéieren.
Méi spéit fréit de Jesus hien, och dräimol hannerteneen : « Péitrus, bass du frou mat mir ? »
De Péitrus äntwert : « Här, du weess alles, du weess och datt ech frou si mat dir. »
Wat ass de Message, deen den Apostel Péitrus eis mat op de Wee gëtt ?
De Péitrus ass e gleewege Mënsch.
Wéi de Jesus seng Jünger fréit : « A fir iech, wie sinn ech fir iech ? », do äntwert de Péitrus : « Du bass de Christus, de Jong vum liewege Gott. »
De Péitrus weist sech als e Mënsch, deen de Jesus op seng Manéier erausfuerdert. Hie wëll wëssen ob de Jesus him verzeit, obschonns hie behaapt hat de Jesus net ze kennen.
Grad esou ass de Péitrus ower och de Missionär, deen den éischte chrëschtleche Gemeinschaften d’Evangelium verkënnegt.
Couragéiert an ouni ze fäerte lieft hie seng Missioun bis un d’Enn. Hie steet trei zum Jesus bis an den Doud um Kräiz.
Wann de Péitrus un de Jesus denkt, da seet hie bei sech : « Mäin Här, du weess alles, du weess och datt ech frou si mat dir. »


Meditatiounen am Advent (lb/fr)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement