en lb fr

Liichtmëssdag

Liichtmëssdag - wat ass dat???

Mir gi liichten


Den 2. Februar ass Liichtmëssdag.
“Liichte goen” ass eng al lëtzebuerger Traditioun, bei déier Kanner vun Haus zu Haus ginn.
Mat hirem Lampion bréngen si d’Liicht vu Jesus bei d’Leit a sangen “Léiwer Härgottsblieschen” als Belounung kréien se haut Séissegkeeten oder Suen.

D’Kanner waren an 3 Gruppen opgedeelt.
All Grupp ass vu Benevoller an vun e puer Elteren begleet ginn.

Léiwer Härgottsblieschen

(Där kënnt et lauschteren andeems där op d’Iwwerschrëft klickt.)

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt eis Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen,
an déi Al doniewent.
Kommt der net bal,
D’Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d’Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D’Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss

zeréck op Paraktivitéiten
retour - Foto-Galerie: Reech eng Hand


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement