Ofschlossfest vun der Kateches 2022/23

1. Juli 2023

Mëttes um 16:30 hu mär mat der Animatioun fir d’Kanner aus der Kateches ugefaang. All Kand konnt sech Gesiicht mole loossen (Face Painting).
E grousse Merci un déi 2 Animatricen, déi déckst beschäfteg waren. D’Kanner konnten sech bis an de spéiden Owend eran mole loossen. Jiddereen krut e Stéck Kuch, deen vun Elteren gebak gouf.
Um 18:30 hu mär zesummen d’Ofschlussmass zum Thema: “An der Vakanz - Gott, eiser Sonn - begéinen.” Et war eng gutt Stëmmung a jiddereen huet gutt matgesongen a mat gefeiert.
Zum Schluss vun der Mass ass deChèque vun eisem soziale Projet iwwerreecht ginn
No der Mass souze mär all zesummen bei engem Teller Nuddelen, deen vun der Villa Hadir gestëft gouf. E grousse Merci.
Merci jidderengem, deen eng Hand mat ugepak huet.
E besonnege Merci geet un d’Elteren an déi vill Benevole, déi eis bis an de spéiden Owend eran gehollef hunn.
Et war e gelongen Ofschloss vun eisem Katechesjoer.

Zeréck op Fotogalerie


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement