Familljemass op Helleg Owend

Um 17:00 hu mär zesummen an enger Familljemass Gebuert vu Jesus Christus gefeiert.
De Guitaregrupp huet eis musikalesch begleet.
D’Kanner aus der Katechees hunn d’Fürbitte gemaach.
Eis ganz Kleng vun der P’tite Pasto hunn d’Gowen op den Altor bruecht.
E Meedchen aus der Katechees huet eis e schéint Chrëschtlidd gesongen.
Déi Déifferdenger Guiden a Scouten hunn eis d’Friddensliicht vu Betlehem bruecht an no der Mass ausgedeelt.
Jiddereen konnt en Don fir e gudden Zweck an d’Këscht leeën.



Zeréck op Fotogalerie Familljemassen
zeréck op Parliewen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement