Den 8. Mee waren et genee 240 Joer hir, datt 1786 zu Dardilly bei Lyon de Jean-Marie Vianney – besser bekannt als ‘Curé d’Ars’ – als véiert Kand vun de Bauereleit Matthieu Vianney a Marie Béluse gebuer gouf. Als Kand – vu senger Mamm reliéis erzunn – huet hien um Bauerenhaff vu sengen Eltere geschafft. Schonns a jonke Joren hat hien de Wonsch Priister ze ginn a goung dofir an d’Parschoul vum Paschtouer Balley zu Écully. Awer seng schoulesch Fortschrëtter hunn ze wënschen iwwereg gelooss.
1809 sollt hien säi Militärdéngscht untrieden, wat awer duerch eng Erkrankung net méiglech war. No senger Genesung ass hien ënnergetaucht.
No der Amnestie fir d’Deserteure konnt hie säi Studium weiderféieren a goung fir d’éischt an de Seminaire vu Verrières-en- Forez a vun Oktober 1813 an de Seminaire op Lyon. De jonke Seminarist war keen Intellektuellen an d’Studium – besonnesch d’Latäin – ass him richteg schwéier gefall. Nëmmen duerch intensiv Beméiunge vum Paschtouer Balley, dee beim Generalvikar fir de Priisteranwärter e gutt Wuert ageluecht huet, an opgrond vu senger grousser Frëmmegkeet, gouf de Jean-Marie Vianney zur Wei zougelooss.
Den 13. August 1815 huet hien zu Grenoble d’Priisterwei empfaangen.
Fir d’éischt Kaploun bei sengem Fërderer Balley zu Écully, huet hien den 9. Februar 1818 seng Plaz als Paschtouer zu Ars-en-Formans – an enger total verwahrloster Par vu reliéis desintresséierten Awunner – ugetratt. Säin asketescht Liewe vu Gebiet, Faaschten, Bouss an totaler Aarmut huet Androck op d’Leit gemaach. Lues a lues ass aus der doudeger Par eng lieweg chrëschtlech Gemeinschaft ginn. Esou huet hien ugefaangen d’Parkierch ze renovéieren, huet Brudderschafte vum Rousekranz an der Eucharistie, wéi och Schoule fir Meedercher a Jonge gegrënnt an en Haus fir Weesekanner (‘La Providence’) opgemaach. Bekannt iwwert d’Pargrenzen eraus gouf hien awer als grousse Beichtvater, dee bis zu 18 Stonnen am Dag am Beichtstull sutz an de Mënsche Gottes Baarmhäerzegkeet am Beichtsakrament zougesprach huet.
Vun 1826 war Ars eng richteg Beicht-Pilgerplaz ginn. Wéinst der grousser Aarbechtsbelaaschtung wollt de Jean-Marie Vianney seng Par méi wéi eemol fluchtaarteg verloossen, awer d’Leit hunn hire Paschtouer ëmmer nees zréckgeholl.
Wéinst senge Verdéngschter zu Ars huet de Bëschof vu Belley de Jean-Marie Vianney 1850 zum Chanoine honoraire ernannt ; an 1855 gouf hien duerch de Keeser Napoléon III. Ritter vun der Éierelegioun. Aus dësen Ernennungen huet hien sech näischt gemaach.
Weider huet hie gelieft als einfachen, asketeschen a vum Däiwel oft a Versuchung gefouerten Duerfpaschtouer a Beichtvater, bis hien – total erschëpft – de 4. August 1859 am Alter vun 73 Joer zu Ars gestuerwen ass.
Den 8. Januar 1905 huet de Poopst Pius X. hie séileggesprach, an den 31. Mee 1925 ass d’Hellegspriechung duerch Pius XI. erfollegt.
Begruewe läit den Hellegen, deem säi Gedenkdag de 4. August gefeiert gëtt, an engem Glassarg an der Kierch zu Ars.
Hellege Curé d’Ars, biet fir d’Geeschtlech, d’Seminaristen an d’Propädeutiker, fir d’Paren Déifferdeng a Kordall, déi elo nees getrennte Weeër ginn, a fir äis all.
(Text: J.-P. REINERS)
Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."