lb fr

D’Daf

Le baptême

Wien gedeeft gëtt, op als Baby, Kand oder Erwuessenen, gëtt mat sengem Numm ugeriet.
De Mënsch ass keng Nummer – mä hien huet en Numm, mat deem e geruff gëtt an ugeriet gëtt.
Bei der Daf kréie mir dësen Numm, mir ginn op eisen Numm gedeeft.
D’Waasser gëtt dem, dee gedeeft gëtt, iwwert de Kapp geschott an dobäi gëtt gesot:
“Ech deefen dech am Numm vum Papp an dem Jong an dem Hellege Geescht.”
Duerch d’Daf komme mir an d’Gemeinschaft mat Jesus an mat all deenen, déi u Jesus gleewen. Mir ginn - Chrëscht - a gehéieren zu der Kierch.
D’Daf ass domadder den Ufank vun eisem chrëschtlechem Liewen.
Et ass den Agang zu der Kierch, der chrëschtlecher Gemeinschaft.
Et ass dat 1. Sakrament, dat eis a Verbindung mam baarmhäerzege Gott bréngt.
Ëmmer dann wa mir d’Kräizzeechen mat Weiwaasser maachen, erënnere mir eis un eis Daf.


Praktesch Informatiounen


Daf Datumer


zeréck op d’Sakramenter


(in Deutsch – en français – em portugês – in english)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement