Iwwert d’Tradition vum Wësch

Mariä Himmelfaart - Léiffrawëschdag

Hei am Land gëtt op Mariä Himmelfaart de Karschnatz, also d’Ernt gefeiert.
De 15/08 fält matten an dës Zäit. Verschiddenes aus Guart a Felder ass schonn dobannen, aneres wiisst nach.

Foto: CTF Déifferdeng a.s.b.l

D’Leit bréngen e Wësch mat an d’Kierch fir dësen seenen ze loossen an en dann Doheem opzehänken.

Dëse Wësch soll dem Haus an sengen Awunner Gléck bréngen a genuch z’iessen fir d’Joer.
Fréier gouf en an de Stall bäi d’Déieren gehaang, fir Blëtz a Krankheeten ofzehalen.

De Wësch besteet aus verschiddenen Planzen vum Feld a aus dem Guart.
Wat dra gebonne gëtt hänkt vun der Géigend of, wat um Feld an/oder Guart wiisst.

Eng al Traditioun

all seng Planzen haten eng Missioun:
z.B.

  • Muert kruten Kanner no der Mëss ze iessen,
  • d’Ënn gouf u Kräiz am Stall opgehaange a sollt esou Krankheeten a an d’Pescht vum Véi ewechhalen.
  • D’Käre goufen ënner déi reschtlech Kaarreserve gemëscht fir dat deeglecht Brout ze seenen.

Dat war e gutt Omen, wann den Wupp vum Wësch gekéngt huet.
De Wupp gouf schliisslech um Späicher opgehaangen, an deen vum Joer virdru gouf verbrannt.
Bei engem Donnerwieder huet d’Hausfra d’geseent Kraider an d’Feier gehäit, fir datt de Blëtz net sollt aschloen.
Wann ee gestuerwe war, krut hien de geseente Wësch ënnert de Kapp geluecht.
Och bei anere Krankheeten, wei Zännwéi, Giicht a Rheuma, sollten d’Planzen de Mënsch erëm gesond maachen.’

Dës al Traditioun vum Wësch, deen op Maria Himmelfaart oder ‘Léifrawëschdag’, gebonne gëtt, sollt net verluer goen.
Déi Jonk sollen des Traditioun och kenne leieren.
Dofir setzt sech och de CTF Déifferdeng an a bannen Wëscher. (Fotogalerie)

Léiffrawëschdag zu Uewerkuer

CTF Déifferdeng a.s.b.l bannen zu Déifferdeng Wëscher,
déi an der Mass um 11:00 zu Uewerkuer geseent ginn.
Jiddereen kann e geseente Wësch mat heem huelen.
Natierlech froen mir d’Leit een Don vun minimum 5 € no uewen. Den Erléis ass jo fir een gudden Zweck fir AEHDL.
Si géifen och deenen Léit , déi Problember hunn mat der Mobilitéit de geséinte Wësch heem bréngen.
Mellt äech w.e.gl um Tel: 621276948 (Fra Angelina)


Zeréck op Ukënnegungen vum Mount / Annonces du mois


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement