Chorale Saint Martin

Chorale vun de Fraen a Meedecher

Virun iwwer 80 Joer huet eise Veräin nach « Chorale des jeunes filles » geheescht, deemools duerften just onbestuete Fraen a Meedercher an der Chorale sangen. Am Laf vun de Joeren huet dat sech awer geännert, elo sange jonk Meedercher an Dammen vun all Alter bei eis an et dierf een elo natierlech och bestuet sinn. Eis Haaptaufgab als Chorale besteet doran, fir d’Massen an der Kierch mat eisem Gesank ze verschéineren an déi geschwate Wierder vun eise Geeschtlechen gesanglech ze ënnersträichen.

Mir sangen:

  • d’Familljemass
  • Requiem’en
  • Hochzäiten
  • an och bei anere grousse Feieren am Kierchejoer si mir dobäi.

Donneschdesowes vun 19.30-21.30 Auer prouwe mir all Woch an eisem Sall am Veräinshaus (ausser an der grousser Vakanz).
All 2-3 Joer hu mir och e Concert um Programm, entweder e Concert Spirituel oder e Concert mat weltleche Melodien. Dee leschten groussen Concert war den 12 November zu Diddeléng am Centre Culturel “op der Schmelz” am Kader vun eisem 80en Anniversaire: “Lidder vun deemols bis haut”.

Mir sinn eng ganz dynamesch Equipe a leeën och ganz vill Wäert op dat gesellegt Beiëneesinn ausserhalb vun eisen Aufgaben als Sänger. Dat maache mir ënnert anerem bei eisem alljähregen Ausflug, bei eiser Agape, wou mir eise Patréiner den Hellege Martinus feieren oder wa mir no der Prouf zesummen e Patt drénke ginn.

Eis Dieren stinn op fir jiddereen dee gären a richteg séngt. Och wann ee keng Noute liese kann, ass ee bei eis wëllkomm. Mir freeën eis iwwert all neie Member, dee mir an eiser Chorale ophuele kënnen.

Kontakt: Simone Schalz-Kirsch - Tel: 516147


Monique Biren-Kettel - Tel: 519195
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement