Equipe d’Entraide de Saint Vincent de Paul an « Leprafrënn » Diddeléng

D’Equipe d’Entraide de Saint Vincent de Paul ass en organiséierte Grupp vu Fraiwëllegen, déi sech zum Zil gesat hunn, hire Matmënschen bäizestoen a si a schwierege Situatiounen ze ënnerstëtzen. Ënnerstëtzt ginn zum Beispill Familljen, bedürfteg oder krank Mënschen, Mënschen mat engem Handicap, Kanner, Leit déi eleng oder net méi mobill sinn, a.s.w.

Bei där Ënnerstëtzung, déi punktuell oder iwwer eng bestëmmten Zäit ka sinn, läit den Accent op der onbürokratescher Hëllef. Dobäi ass de perséinleche Kontakt zum Matmënsch wichteg.

Eis Aktivitéiten:
Krank an al Leit an der Klinik oder am Altersheim besichen.
Mënschen, déi eleng sinn, Gesellschaft leeschten a Kommissionen fir si maachen.
Leit bei den Dokter begleeden.
Familljen, déi an Nout gerode sinn, ënnerstëtzen.
Iwwer eng “assistante sociale” Mënschen onbürokratesch mat klenge Geldbetreeg aushëllefen.
Stand um Oktavmäertchen

„D’Leprafrënn“, eng Ënnersektioun vun der Equipe d’Entraide de Saint Vincent de Paul, ass eng Equipe vun e puer Dammen, déi sech all éischten an drëtten Mëttwoch vum Mount am Veräinshaus treffen, fir gestréckten Deeler zu Decken zesummenzesetzen, déi dann weider geleet ginn.

De Grupp mécht reegelméisseg e gréisseren Don (Deel vum Erléis vun der Kaffisstuff vu “Fraen a Mammen”) un Leprastatiounen oder d’Missiounen.

Kontakt: Heli Goy - Tel.: 51 39 29
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement