Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Par Saint Martin Diddeleng ënnertsëtzt all Joer eng Associatioun, déi sech ëm Mënsche beméit, deenen et net esou gutt geet an déi Hëllef brauchen.
D’Associatiounen, d’Gremien an d’Firmungskanner aus eiser Par hu sech bereet erkläert, fir déi eng oder aner Aktioun ze organiséieren wou déi chrëschtlech Gemeinschaft kann eppes kafen oder en Don maachen:
* selwer gebake Kichelcher
* géint en Don kleng Bastelsaachen, Wäffelcher an Trüffelen ubidden
* Faaschteniessen op Äschermëttwoch
* etc.
Fir d’Joer 2025/2026 huet de Pastoralrot décidéiert, dASBL ’Rahna ze ënnertsëtzen.
LogoRahna
Logo vun der RAHNA ASBL
D’Par Diddeleng sammelt elo e ganzt Joer a freet sech schonn Enn 2026 der „ASBL Rahna seng Solidaritéit däerfen ze weisen.
Dir kennt d’Aktioun och ënnerstëtzen mat engem Don op de Kont: BIL IBAN LU14 0021 1179 5901 6300 vum Fonds Saint Martin mam Vermierk„Sozialaktioun Par Diddeleng 2025/2026“.
En häerzleche Merci fir Är Solidaritéit an Ënnerstëtzung!
Fir weider Détailler zu eiser Sozialaktioun 2025/2026 mellt Iech roueg beim Christiane Engel - 621 707 350 / christiane.engel@cathol.lu