Komm maach mat bei de Massendénger vun Diddeleng

Du kanns dir selwer déi Mass eraussichen wou‘s du regelméisseg dénge kënns.
Eemol am Mount schécke mir dir en INFO mat allen Informatiounen iwwert eise Massendéngergrupp.
All 3 bis 4 Wochen hu mir och regelméisseg ëmmer eng Massendéngerversammlung an der Kierch.
2mol am Joer fuere mir op en Ausflug eemol eng Woch (an der Ouschtervakanz) an een Dag zum Schluss vum Schouljoer.
Am Laf vum Joer ginn et och verschidden Aktioune vun eise Massendénger: Klibberen, Krëppespill, Lasagneaktioun, Spéitschichten, Krëppespill am Altersheim, Wäffelcher baken....

Weider Informatiounen
um Tel: 621707350 (Christiane Engel).
Hei kanns du dech och umelle wanns du wëlls matmaachen.

An hei ass nach den Umelldungsziedel:

Umelldung
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement