Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Par Saint Martin Diddeleng ënnertsëtzt all Joer eng Associatioun, déi sech ëm Mënsche beméit, deenen et net esou gutt geet an déi Hëllef brauchen.
D’Associatiounen, d’Gremien an d’Firmungskanner aus eiser Par hu sech bereet erkläert, fir déi eng oder aner Aktioun ze organiséieren wou déi chrëschtlech Gemeinschaft kann eppes kafen oder en Don maachen:
* selwer gebake Kichelcher
* géint en Don kleng Bastelsaachen, Wäffelcher an Trüffelen ubidden
* Faaschteniessen op Äschermëttwoch
* etc.
Fir d’Joer 2024/2025 huet de Pastoralrot décidéiert, de Kiwanis Club Lëtzebuerg Gëlle Fra -
Aktioun „Prett fir d’Schoul“ ze ënnertsëtzen.
Aktioun Prett fir d’Schoul
Klickt weg fir e PDF
Cliquez svp pour un PDF
D’Par Diddeleng sammelt elo e ganzt Joer a freet sech schonn Enn 2025 dem „Kiwanis Club Lëtzebuerg Gëlle Fra“ seng Solidaritéit däerfen ze weisen.
Wie Kanner huet weess, dass een och bei der Rentrée déif an d’Täsch gräife muss, fir dass d’Kanner alles hu wat se esou brauchen an der Schoul.
An dat geet vum Lineal iwwert d’Hefter bis zur Sportskleedung.
Fir vill Familljen ass dat finanziell net dran, an déi kréien dann, ënner anerem vum Kiwanis Club Gëlle Frau, ënnert d’Äerm gegraff.
De Kiwanis Club Gëlle Fra sammelt ëmmer nees, zesumme mat Benevollen, Frënn a Bekannten, Schoulmaterial, fir dëst herno un déi ze verdeelen, déi et brauchen.
Duerch Donen finanzéiert de Kiwanis Club Gëlle Fra Schoulmaterial, wat dann och de Kanner zu gutt kënnt.
Esou e Projet ass eng Win-Win-Aktioun. Soubal een d’Freed an den Ae vun de Kanner gesäit, wa se hiert Schoulmaterial kréien, huet dës Aktioun wuel sécherlech säin Zweck erfëllt.
Dir kennt d’Aktioun och ënnerstëtzen mat engem Don op de Kont: BIL IBAN LU14 0021 1179 5901 6300 vum Fonds Saint Martin mam Vermierk„Sozialaktioun Par Diddeleng 2024/2025“.
En häerzleche Merci fir Är Solidaritéit an Ënnerstëtzung!
Fir weider Détailler zu eiser Sozialaktioun 2024/2025 mellt Iech roueg beim Christiane Engel - 621 707 350 / christiane.engel@cathol.lu