Aktuelle Parbréif - lettre paroissiale actuelle

Parbréif - Lettre paroissiale 29.11.2025 - 18.01.2026
Hei kënnt der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.

EEN NEIE WEE!

All Kéiers wa mir d’Adventszäit nei ufänken, dann ass dat eng Virbereedung op d’Chrëschtzäit a soumat op de grousse Moment, wou mir Gott a Jesus Christus erliewen a begéine kënnen. D’Adventszäit ass awer och ëmmer erëm eng Geleegen-heet säi perséinleche Wee ze iwwerdenken, dësen am Liicht vum Evangelium ze betruechten.

Wat seet de Jesus äis an dëser Zäit? Wat si Seng Wierder? Wat erkenne mir doran a wéi kënne se fir äis eng Hëllef sinn?

D’Adventszäit ass eng Chance nei unzefänken ... an de Jesus begleet äis um Wee! Kommt mir wëllen dës Zäit mat der néideger Rouh a Gedold erliewen, jo, mir gi beschenkt an ... mir sinn opgeruff och anerer ze beschenken.

E neie Wee ... si mir bereet? Traue mir äis? Keng Angscht, Gott gëtt Mënsch, Hien ass äis no a weist äis de Wee! Adventszäit ... eng Chance nei unzefänken a Gott ze begéinen!

Chaque année, j’attends avec impatience la période de l’Avent, car c’est en effet l’occasion de réfléchir à son propre cheminement dans la lumière de Dieu. Je nous souhaite à tous une période de l’Avent bénie et une période de Noël fructueuse.

Nous sommes tous appelés à nous investir, car nous formons une communauté aux multiples talents. Ensemble, nous sommes forts et Dieu est notre centre, Dieu qui s’est fait homme en Jésus-Christ!

Que Dieu nous montre le chemin et que nos oreilles et surtout notre coeur soient ouverts à Son message et aux voix de tous ceux et celles qui nous entourent!

Eng geseenten Advents- a Chrëschtzäit !

Romain Richer
Curé-doyen adj.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement