Hei kënnt der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.
HERBSTGEBET DER ANNAHME - "Autumn prayer of acceptance" (Originaltitel)
Gnädiger Gott aller Jahreszeiten,
deine Erde lehrt mich durch ihren natürlichen Wechsel
von einer Jahreszeit zur nächsten.
Wenn die Erde in den Zyklus des Sterbens und Auflebens
eintritt, begrüßt sie die Veränderungen.
Möge ich offen sein für die Lehren dieser Herbstsaison.
Schwester Joyce Rupp kathoulesch Autorin a Referentin aus Iowa (USA), Member vum
Servitenuerden, setzt sech a fir d’Thema Matgefill ; si ass Co-Direktorin vum "The Institute of Compassionate Presence" an dem Programm "Boundless Compassion" ; si huet en Ofschlossstudium an Englisch,
Transpersonaler Psychologie, Religionspädagogik an engagéiert sech
benevole an der Hospizaarbecht.
Së mir net all mol flemmsig, am Hierst méi wi soss ? Et gëtt ëmmer méi däischter baussen, méi kal, méi naass a rëffig, jo, méi onbequeem. D’Bleeder verfierwen sech, faulen, verschwanne gréisstendeels vun de meeste Beem.
Op deen éischte Bléck schéngt dat net immenz an fir sou munch ee vun äis éischter negativ, awer et ass een natierliche Prozess vun der Natur. D’Natur huet hiren Zyklus vu Stierwen an am Fréijoer vun erëm Opliewen.
Dat schreift di amerikanisch Uerdensschwëster Joyce Rupp ganz passend a schéin an hirem Gebiet "Autumn prayer of acceptance", dat dir hei uewen op der Säit kënnt lesen.
Den Hierst kann och äis hëllefen, oppen ze së fir Verännerungen an eisem Liewen. Souwuel ech selwer souwéi jiddferee vun äis brauch Verännerungen. Soss wier et jo langweilig a mir kéimen net virun op eisem Liewenswee.
Natierlich musse mir dofir bereet sënn an och selwer eppes maachen an ënnerhuelen, wat net ëmmer einfach ass. Wat sënn dach di al Gewunnichten dacks sou gutt, sou bequeem a mir wëllen äis am Fong guer net änneren !
Froe mir den Herrgott, fir äis Courage ze ginn, net beim Ale stoen ze bleiwen, mee op ze së fir Verännerungen an un eise schlechte Säiten ze schaffen.
Vläicht kann äis dëse Sproch/klengt Gebet vum Reinhold Niebur (1892-1972), US-amerikaneschen Theolog, Philosoph a Politikwëssenschaftler, dobäi eng gutt Hëllef sënn :
Gott, gib mir die Gelassenheit,
Dinge hinzunehmen,
die ich nicht ändern kann,
den Mut, Dinge zu ändern,
die ich ändern kann,
und die Weisheit,
das eine vom anderen
zu unterscheiden.