|
GENERALVERSAMMLUNG MATT SCHECKIWWERREECHUNGEN BEI DE „FRAEN A MAMMEN“ VUN DIKRICHGENERÉIS SPENDE VUN INSGESAMT 12.000 €Kierzlech hat d’ACFL-Dikrich, besser bekannt als FRAEN A MAMMEN Dikrich op hir Generalversammlung invitéiert. An hirer Begréissung huet d’Presidentin Berthy Clesen alle Leit Merci gesot déi am Laf vum Joer matgeschafft hunn, a fir all finanziell a moraléch Ënnerstëtzung. Merci och der Gemeng fir Hir Ënnerstëtzung . Am Aktivitéitsbericht vun 2022 gouf vermierkt, dass no 2 Joer Pandemie, d’Fraen a Mammen nees konnten op verschiddene Fester, wéi z.B. um Parkfest, op al Dikrich an um Hierschtfest Wafele baken. Den 20. Oktober 2022 haten si déi grouss Éier, fir d’Generalversammlung vun der ACFL vum ganze Land zu Dikrich ze organiséieren. Als Ofschloss vum Joer 2022 war den 13. November déi traditionell Kaffisstuff an der aler Seeërei. Natierlech waren di Dikricher Fraen a Mammen och present wann eng Nopesch-Sektioun organiséiert huet fir eng Hand matt unzepaken . Och dëst Joer 2023 sinn d’Fraen a Mammen scho ganz aktiv gewiescht a wäerten nach weider schaffe fir sozial Projeten ze ënnerstëtzen. De Keessebericht 2022 gouf virgedroe vum Blanche Eilenbecker. Trotz pandemiebedéngten Aboussen am Joer 2022, erlaabt di finanziell Situatioun et fir verschidde karitativ Organisatiounen ze ënnerstëtzen D’Keesserevisoren Margot Hayen a Mariette Infalt hu confirméiert, dass d’Comptabilitéit ganz korrekt a gutt gefouert gëtt, an hunn d’Generalversammlung gebieden, der Caissière Decharge ze ginn. Si bleiwen och weiderhin als Revisorinnen täteg. Zwou Dammen hu sech aus dem Comité zréck gezunn. D‘Presidentin huet een Appell gemaach, dass jiddereen dee Loscht huet am Comité matzemaachen, häerzlech wëllkomm ass. Den Här Romain Richer, Aumônier a Paschtouer zu Dikrich, huet de Fraen a Mammen e grousse Merci fir hiert Engagement ausgedréckt mat engem Zitat aus der helleger Schrëft wat de Jesus gesot huet:“Et sinn net d’Wieder mee d’Aart a, Weis, wéi dir lieft, reagéiert an agéiert.“ D’Sektiounspresidentin Henriette Mathias huet der ACFL e grousse Merci gesot. Zwee Datumer huet si ervirgestrach an zwar den 05.06.2023 wou et op Maria Laach geet, an den Ausfluch am Juni 2023 op Cadzand, (3 Deeg). Weiderhin huet Sie dem Veräin all Guddes gewënscht, datt si esou sollen weider fueren an datt d’Zesummeschaffen dat Allerbescht ass.
Duerno krute folgend 6 Associatiounen jeeweils e Scheck vun 2.000 € iwwerreecht: Associatioun WONSCHSTÄR,vertrueden duerch d’Mme Vivane Vermeer
D’Gemeng Dikrech, vertrueden duerch d’Mme Pascale Schmoetten, huet hire Respekt ausgedréckt dass déi Dikrecher ACFL fir déi Mënsche schafft, deenen et net esou gutt geet, wat si jo duerch d’Verdeele vun de Schecke bewisen hunn. Am Numm vun der Gemeng huet si e grousse Merci gesot fir alles wat bis elo geleescht ginn ass an nach geleescht gëtt. Als flotten Ofschloss war et nach e gemittlecht Zesummesinn mat engem klenge Maufel an engem Patt. De Comité sëtzt sech zesummen aus: |