Den aktuelle Parbréif - Lettre paroissiale actuelle

Parbréif - Lettre paroissiale 01.06. - 14.07.2024
Hei kenn der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.

EIN STÜCK DES WEGES LIEGT HINTER DIR...
Sou heescht et am klengen Text vum hl. Augustinus op der Titelsäit vun dësem Parbréif. Jo, lo Ufank Juli hu mir schons e Stéck Wee als Pargermeinschaft, als Kierch gemaach. Mir konnten d‘Kardeeg an d‘Fest vun der Operstehung, Oustren, zesumme feieren, duerno di ganz Oktavzäit, dem Diego seng Diakoneweih an der Kathedral, d‘gëllent Priesterjubiläum vum Martin an der Däichhal am Kader vun der Scoutskiermes, duerno Christi Himmelfahrt, d‘Päistfest mat der schéiner Päistveillée samsdes owes an der Ettelbrécker Kierch, asw…
Mir hu vill Schéines a Guddes erleeft a soë merci dofir.
An den Text geet weider : ...wenn du verweilst, dann nur um dich zu stärken, nicht aber um aufzugeben.
Jo, mir së lo rëm am Alldag mat Héichten an Déiften. Et ass net ëmmer alles super. Awer mir së gestäerkt ginn a kënnen eise Wee weidergoen.
Samsdes, den 29. Juni, ass d‘Fest vun den Helligen Péiter a Paul. Dat sënn d‘Patréiner vun der Par Ettelbréck.
Sonndes, den 30. Juni 2024 feiere mir dëst a Form vun engem Par-Kateches-Fest, an do gi mir nei Weeër. Mir feiere Mass um 10h30 beim neie Scoutschalet am Grondwee zu Ettelbréck. Duerno eesse mir zesummen, et gëtt gegrillt, Aktivitéite fir Kanner an Erwuessener ginn ugebueden.
Mir invitéieren eech alleguer ganz häerzlich op dëst Fest.
Samedi, le 29 juin, est la fête de Saint Pierre et de Saint Paul. Ce sont les patrons de la Paroisse d‘Ettelbruck. Nous fêterons cela lors d‘une fête de la paroisse et de la catéchèse dimanche, le 30 juin 2024. Nous vous invitons cordialement à cette fête au nouveau chalet scout au Grondwee à Ettelbruck : messe à 10h30, ensuite repas ensemble, grillades, animations pour enfants et adultes.
Chantal Hubert.LUTGEN
Sekretärin Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement