Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’lescht Joer hu mir generéis Donen vun Iech kritt, sief et materiell oder finanziell.
Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng konnte mir déi materiell Donen bei d’Gemeng transportéieren, wou d’Leit se ofhuele konnten.
Vill vun de Leit, déi vum Office Social suivéiert ginn, haten d’Méiglechkeet, virun den Feierdeeg Donen sichen ze kommen.
Si ware ganz dankbar, an dës Ënnerstëtzung huet hinnen d’Feierdeeg méi schéi gemaach. Alles vun de gesammelte Donen konnt direkt un d’Leit weidergeleet ginn.
Mat dem finanzielle Don hu mir verschidden Aktivitéiten organiséiert, dorënner eng speziell Aktivitéit fir d’Kanner op Kleeserchersdag.
Nach eemol e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung an Är Generositéit.
Melinda ROLL
Assistante sociale
. OFFICE SOCIAL COMMUN REMICH
Communes de Bous-Waldbredimus, Lenningen, Remich, Schengen, Stadtbredimus
Rapport Adventsaktioun 2023
Mat der Aktioun vum ëmgedréiten Adventskalenner 2023 si virun allem Iesssaachen, waarm Kannerkleeder (0-3 Joer), Chrëschtdekoratiounen an och Spillsaachen gesammelt ginn. Dës Artikele konnte mer geziilt un d’Familljen, an och eenzel Leit déi reegelméisseg an den Office social kommen, verdeelen.
D’Leit hunn awer och gespent a sou hu mir den 22. Januar 2024 en Don vun 2750 € vun den ‚Amis de St-Nicolas‘ iwwerreecht kritt.
Fir déi Frais’en déi mir net iwwer d’Adventsaktioun 2023 konnten decken hu mir op är Don’en vun 2022 zréckgegraff.
Villmols Merci fir Är generéis Ënnerstëtzung !
Folgend Aktiounen hu mir mat Ärem Don finanzéiert :
Total dons reçus par les Amis de St-Nicolas par l’action 2023: 2 750,00 €
Sproochecours’en (visite musée, Jardin des Possibles asbl): 1 410,00 €
Kafen vu s"acs-cadeaux de Noël" fir Iesssaachen a Kleeder ze verdeelen: 257,04 €
Kafen vu Schlofsäck, Matten a Rucksäck fir Leit op der Strooss: 485,00 €
Stock d’urgence fir eis Kichen fir Leit déi dréngend eng Hëllef brauchen: 26,24 €
Aktioun Kaddosbongen fir gratis Aktivitéiten an eiser Regioun
Travail graphique par OHJO: 292,50 €
Drockaarbechten (Kräizbierg): 204,47 €
Verschécken vun den Bongen un d’Familljen: 363,25 €
Rechnungen vun eise Partner (Ciné Waasserhaus, Gemeng Réimech fir d’Piscine, Navitours, Syndicat d’Initiative): 919,00 €