Liens . Links
 

Flüchtlings- a Sozialhëllef
Aide aux réfugiés et aide sociale

Sozialhëllef Iewescht Syr asbl - F13737

(c) RTL Journal vum 29/08/2024

Ëffnungszäiten / heures d’ouverture
All Samschdeg vun 9:30 bis 12:00 Auer a 14:00 bis 16:00 Auer - Tous les samedis de 9h30 à 12h00 et de 14h00 à 16h00

 

Adress / adresse
Iernster Kierch, 26, rue Principale, L-6165 Ernster

 

Telefon / téléphone : +352 621 74 74 21
E-mail Adress / e-mail : SISasbl22@gmail.com
Fir Är Donen / pour vos dons : BCEE LU06 0019 7155 6956 1000
Comité : J. Spanier, C. Schneider, E. Houwen, M-P. Arendt, C. Bisenius, G. Kesseler, C. Seywert

No der Desakralisatioun Enn 2022 ass zesumme mat den Parleit gekuckt ginn, fir der Iernster Kierch ee neien Zweck ze ginn, deen enger fréirer Kierch würdeg ass. Sou ass sech fir eng humanitär Notzung entscheet ginn, an d’ "Sozialhëllef Iewescht Syr asbl" ass gegrënnt ginn an d’Gemeng Nidderaanwen war averstaanen der Associatioun déi entweite Kierch zur Verfügung ze stellen. Op enger Plaz voller Geschicht an Zesummenhalt ginn elo Kleeder, Schong, Bettwäsch, Kichegeschier an alles wat een am Alldag brauch, gesammelt a verdeelt.

Dofir brauch een natirlech och Donatricën an Donateuren. Sou fannt Dir an eise verschiddene Kierchen vun der Par e Plakat mat de Saachen déi besonnesch gebraucht ginn. Well keng Miwwele stockéiere kënne ginn, ginn d’"Clienten" an d’Donatricën/Donnateuren zesumme bruecht. Dei Donatricën/Donateuren, déi vill Artikelen hunn, froe mir e Rendez-vous per Telefon mat eis auszemaachen.

Eis "Clienten" kommen haaptsächlech aus der Ukraine, Afrika, Südamerika, mee och aus Lëtzebuerg. All Woch kënnen déi ronn 100 Famillen déi Artikelen eraussichen, déi se am meeschte brauchen, ouni eng Aarmutsbestätegung.

Sozialhëllef Iewescht Syr asbl huet puer wichteg Prinzippie fir hir Aarbecht:

  • Nout ass Nout an dofir hëllefe mir wa mir kënnen a wou mir kënnen: Mir kucken net no Hautfaarf, Relioun oder Nationalitéit. Mir maache keng Ënnerscheedung tëscht Flüchtlingen a Mënschen, déi scho laang bei eis an der Regioun liewen.
  • Mir gleewen un d’Kraaft vun der Zesummenaarbecht: Mir wëllen net alles eleng maachen, mee wëlle mat soziale Servicer a bestëmmten Organisatiounen zesummeschaffen, déi eng enorm effektiv Aarbecht leeschten an immens wichteg Ënnerstëtzung ubidden.
  • Mir wëlle jiddereen an d’Hëllef mat abezéien, deen dat wëllt: Mir sinn ëmmer op der Sich no Fräiwëllegen, déi eis wëllen ënnerstëtzen, jiddereen op seng Aart a Weis.

Après sa désacralisation fin 2022, une nouvelle destination a été trouvée pour l’église d’Ernster, en collaboration avec les paroissiens. L’asbl « Sozialhëllef Iewescht Syr » a été créée pour continuer à donner à l’église une fonction digne de ce nom. La commune de Niederanven continue à mettre les locaux à disposition pour que les articles nécessaires au quotidien soient mis à disposition.

Pour cela, il faut aussi des donateurs et des donatrices. Vous trouverez dans le reste de nos églises des affiches sur lesquelles sont énumérées les choses les plus nécessaires. Comme il n’est pas possible de stocker des meubles, nous mettons en contact les « clients » et les donateurs. Si, en tant que donateur, vous avez beaucoup d’articles, veuillez prendre rendez-vous avec nous par téléphone.

Nos « clients » viennent principalement d’Ukraine, d’Afrique, d’Amérique du Sud, mais aussi du Luxembourg. Chaque semaine, une centaine de familles peuvent choisir les articles dont elles ont le plus besoin sans avoir à fournir de justificatif.

Nous avons à cœur de respecter quelques principes fondamentaux dans notre travail :

  • Notre aide est ouverte à tous, sans distinction : Nous soutenons toutes les personnes en difficulté, quelle que soit leur nationalité, couleur de peau ou religion, et nous ne faisons aucune différence entre les réfugiés et les habitants qui vivent chez nous depuis longtemps.
  • Nous croyons en la force du collectif : Nous ne voulons pas agir seuls, mais en collaboration avec des services sociaux et des organisations bien établies, reconnues pour leur efficacité et leur précieuse aide.
  • Nous accueillons chacun avec bienveillance : Nous aspirons à intégrer toutes celles et ceux qui souhaitent participer à notre mission, que ce soit par du temps, des dons ou des idées. C’est pourquoi nous recherchons en permanence des bénévoles prêts à s’engager à leur manière.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement