80 Joer Libératioun vu Péiteng

Virun 80 Joer, den 9. September 1944 sinn déi amerikanesch Zaldoten zu Péiteng iwwer Grenz gefuer an domadder huet d’Libératioun vu Lëtzebuerg ugefaang.
Den 10. September war et dunn d’Stat Lëtzebuerg an dësen Datum zielt als Datum vun der Libératioun no 4 Joer Nazi-Occupatioun.
Et däerf een awer net vergiessen, datt de Wanter 44/45 nach ganz haart gëtt fir d’Zaldoten, déi eis befreit hunn wéi och fir d’Leit, besonneg am Norden vum Land. D’Ardenneoffensive bréngt nach eemol Leed, Zersteierung a Schrecken iwwert d’Land ir dann endlech den 17. Februar eist Land fräi war.

An enger Gedenkmass, déi mär mam Kardinol Jean-Claude Hollerich gefeiert hunn, ass un den 9. September 1944 geduecht ginn, och un all déi Fraen a Männer, déi fir eis Fräiheet gekämpft, gelidden a gestuerwe sinn.

Zum Schluss vun der Mass ass d’Heemecht gesonge ginn - a wéi sange mär an der läschter Strophe "O du do uewen deem seng Hand, duerch d’Welt Natioune leet. Behitt du d’lëtzebuerger Land, vru frieme Joch a Leed. Du hues ons all als Kanner schonn de fräie Geescht jo ginn, looss viru blénken d’Fräiheetsonn, déi mir sou laang gesinn."

Hei e puer Fotoen vun dëser 80jähreger Gedenkfeier.


Zeréck op Poar-Aktivitéiten


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement