lb fr

Franziskus - Säi Liewen a Wierk

1. Faaschtesonndeg; Liesjoer A

De 4. Oktober dëst Joer ass et genee 800 Joer hir datt den hellege Franziskus vun Assisi gestuerwen ass.
Eng schéi Geleeënheet, de Bléck op dësen aussergewéinlechen Hellegen ze riichten an ze kucken, wéi de Patréiner vun der Par Déifferdeng gelieft huet a wat vu sengem Liewenswierk eis haut nach begleet.
Mir wëllen och kucken, wéi dem Franziskus säi Message vun der Aarmut a vun der Nächsteléift opgeholl gouf a wéi déi franziskanesch Spiritualitéit sech an dësen aachthonnert Joer weiderentwéckelt huet.
D’Faaschtenzäit ass eng ideal Zäit fir iwwert deen Hellegen nozedenken, deen eis e Liewen an der Einfachheet an am Verziicht virgelieft huet.
De Franziskus koum am Joer 1181 oder 1182 an der Stad Assisi an Italien op d’Welt. Gestuerwen ass hien de 4. Oktober 1226 am Alter vu 44 oder 45 Joer. Nëmmen zwee Joer no sengem Doud ass hien helleg gesprach ginn.

De Franziskus ass de Grënner vum Uerde vun de Franziskaner, dem Ordo fratrum minorum, dee vun Ufank un en enorme Succès hat a sech a kuerzer Zäit iwwer ganz Europa verbreet huet.
Hie koum aus enger gutt situéierter a räicher Famill. Säi Papp Pietro di Bernadone a seng Mamm Giovanna waren Duchhändler.
Eigentlech war de Franziskus gedeeft op den Numm Giovanni. Wéi hien op d’Welt koum war säi Papp geschäftlech am Frankräich ënnerwee, an erëm doheem huet hie säi Béifche Francesco genannt, klenge Fransous. De Franziskus sollt dësen neien Numm behalen.
Säi Papp wollt hunn datt hie bei him am Geschäft als Duchhändler sollt schaffen fir et spéider eng Kéier ze iwwerhuelen. Hien huet dofir gesuergt datt de Franziskus konnt an d’Schoul goen, wou hie liesen, schreiwen a rechne geléiert huet.
Mat véierzéng Joer wor de Franziskus groussjäreg an huet als Händler bei sengem Papp am Buttek ugefaang. Hien hat eng glécklech Hand an huet gutt Geschäfter gemaach, déi him a sengen Eltere vill Suen abruecht hunn. Als räich Famill hu si e Liewen am Iwwerfloss gelieft an de Franziskus huet seng Suen ausginn ouni vill nozedenken.
Wéi hien ëm déi zwanzeg Joer al war koum et zu engem Krich tëscht deene béiden Nopeschstied Assisi a Perugia. De Franziskus huet misse mat an de Krich goen, wéi all déi aner Männer aus senger Stad, an um Enn huet Assisi verluer. De Franziskus gouf zu Perugia an de Kerker gestach. Säi Papp huet missen en décke Batz Sue bezuele fir hien no méi wéi engem Joer nees fräizekréien.
De Franziskus koum heem, mee d’Erliefnes vum bluddege Krich a vun der Gefaangenschaft am Kerker hat hie komplett op d’Kopp gehäit. Hien huet opgehal mat senge Frënn Fester ze feieren, liichtfankeg seng Suen auszeginn a säi Liewen am Wuelstand ze genéissen.
Méi an ëmmer méi huet hie sech zeréckgezunn a schliisslech e Pélerinage op Roum gemaach. Der Legend no huet hien ënnerwee aus lauter Matleed säin dichtegt Gezei mat deem vun engem Heeschemann getosch. Zu Roum huet hie sech bei aner Strummerte gesellt an ass wéi si dorëmmer heesche gaang.
Zeréck vu Roum huet hien aus dem Papp sengem Geschäft Stëfter geholl a si den aarme Leit geschenkt. Hien huet och Sue vun do geholl an domat e puer Kierchen an der Géigend vun Assisi nei opriichten a renovéiere gelooss.
Säi Papp war ellen enttäuscht ze gesinn, wéi de Franziskus sech verännert hat an drop an dru war, déi ganz Famill ze ruinéieren. Zu gudder Lescht ass hien op d’Geriicht gaang an huet säin eegene Jong verklot.
Et koum zu engem Prozess. Virum Riichter a virun alle Leit huet de Franziskus sech plakeg ausgedo an domat gewisen, datt hie sech lass seet vu sengem Papp an och op säin Ierwe verzicht.
Doropshin huet hien ugefaang, als Einsiidler ze liewen a baussent de Mauere vun der Stad heeschen ze goen. Hien huet sech ëm déi Krank an déi Aussätzeg gekëmmert a stonnelaang gebiet an deene ville Kapellen a klenge Kierche ronderëm.
Am léifsten hat hien dobäi déi kleng Kierch Portiuncula. Hien hat si mat de Sue vu sengem Papp renovéiere gelooss, an hei gouf hien no sengem Doud och bäigesat.
An dëser klenger Kierch hat hie sech als jonke Kärel e Passage aus dem Matthäus-Evangelium verhalen:
« Fir näischt hutt dir kritt, a fir näischt sollt dir ginn. Stoppt an äer Ceinture kee Gold, kee Sëlwer a keng Mënzen. Huelt keng Saccoche mat op ärem Wee, keen zweet Hiem, keng Schong, kee Bengel (...). » (Mt 10, 8-10).
Un dës Wierder huet sech de Franziskus gehal : säi Gezei war eng einfach Tunique, seng Ceinture en déckt Seel mat engem Knuet.
All Zort vu Besëtz huet hie vu sech gewisen, all Kontakt mat Suen evitéiert, an net emol Schong fir un d’Féiss wollt hien hunn.
Als aarmen Heeschemann ass hien op d’Leit duergaang an huet si opgefuerdert, hie Sënnen ze bereien a Gott ze sichen.
Wéinst sengem Optrëtt a senge Priedegten hunn der vill de Geck mat him gemaach, anerer ower goufen ugezu vun deem, wat hien ze soen hat an hu sech him ugeschloss an engem neien Uerden : dem Uerde vun de Franziskaner.
De Franziskus huet dat gelieft, wat hie gepriedegt huet. Seng Wierder waren authentesch, an authentesch war säi Liewen. Seng radikal Einfachkeet an Éierlechkeet huet vill Mënsche begeeschtert an a seng Nofolleg gezunn.
Seng spirituell Approche vun der Aarmut, vun der geliefte Nächsteléift a vum Respekt vis-à-vis vun der Schöpfung huet d’Mënschen zu senger Zäit matgerappt. Si huet bis haut näischt vun hirer Faszinatioun verluer.
Mat sengem Liewen a mat sengem Wierk verkierpert den hellege Franziskus e Liewensideal, dee fir eis an dëser Form kaum ze liewen ass, deen eis awer zudéifst beréieren an inspiréiere kann.
Loosse mer grad elo an der Faaschtenzäit dëse groussen Hellegen an aussergewéinleche Personnage mat eranhuelen an eis Gedanken an an eist Gebiet.
Loosse mer säi Virbild op eis wierken a loosse mer eis motivéiere vu sengem Message.


Meditatiounen an der Faaschtenzäit’26

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement