Hl Sebastian

20. Januar

Den 20. Januar ass de Gedenkdag vum hellege Sebastian.
Iwwert säi Liewen ass net vill gewosst, awer d’Legend erzielt, datt hien zur Zäit vun de Chrëschteverfollgungen ënnert dem réimesche Keeser Diokletian (3./.4 Jh.) Offizéier vun der Prätorianergard war.
Als heemleche Chrëscht huet hien an de réimesche Prisongen de Chrëschte bäigestanen an hinne Courage gemaach.
Nodeems den Diokletian erausfonnt hat, datt säin Offizéier selwer Chrëscht ass, huet hien dësen un e Bam banne gelooss, fir hien duerch d’Beschéissen mat Feiler ëmbréngen ze loossen.
Nom Martyrium duerch d’Feiler gouf hie fir dout gehalen an einfach leie gelooss. Awer hie war net dout.
Eng Wittfra, selwer Chrëschtin, huet sech senger ugeholl an hie gesond gefleegt.
No senger Genesung ass hien ëffentlech dem Keeser entgéint getratt an him déi grausam Sënnlosegkeet vun de Verfollgunge virgehalen.
Doropshin huet den Diokletian hien am Hippodrom um Palatin dout peitsche gelooss a säi Läichnam an den Egout, an d’Cloaca maxima, werfe gelooss.
Eng gewëss Lucina huet seng stierflech Iwwerreschter gebuergen a si um Kierfecht bei der Via Appia bäigesat. Iwwert sengem Graf erhiewt sech haut d’Kierch „San Sebastiano fuori le mura“.
Denke mir grad um 20. Januar un all déi, déi haut wéinst hirem Glawe verfollegt ginn an dacks mat hirem Liewe bezuelen. Hellege Sebastian, biet fir si a fir äis all.
(Text: J.-P. Reiners)


Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement