Séileg Clara Fey

08. Mee

« Manete in me » – « Bleift a mir », dat ass d’Devise vun der Kongregatioun vun de ‘Schwëstere vum aarme Kand Jesus’, déi op Initiative vun der séileger Clara Fey, där hire Gedenkdag den 8. Mee gefeiert gëtt, gegrënnt gouf.
Als véiert vu fënnef Kanner koum d’Clara Fey den 11. Abrëll 1815 zu Oochen op d’Welt a war d’Duechter vum Textilfabrikant Louis Fey a senger Fra Katharina.
Am Alter vu 5 Joer huet si hire Papp verluer, an d’Mamm huet hir Kanner, deenen si déi bescht méiglech schoulesch Ausbildung erméiglecht huet, eleng groussgezunn.
Schonns als jonkt Meedchen huet d’Clara d’Schicksal vun de Weesekanner an de Kanner aus aarme Verhältnisser – eng Zuel, déi stänneg duerch d’Industrialiséierung zu Oochen gewuess ass – net kal gelooss.
Si wollt de Schwächten an der Gesellschaft hëllefen. Den 3. Februar 1837 huet si dofir, zesumme mat e puer Frëndinnen, eng Aarmeschoul fir verwahrlost Meedercher gegrënnt an duerch eege Mëttele finanzéiert. D’Schoul gouf séier ze kléng, esou datt si d’Erlabnis krut, dat aalt Oochener Dominikaner-Klouschter ze notzen.
Hiert soziaalt Engagement sollt awer weider goen. Mat Hëllef vun hirem Brudder Andreas, Kaploun vu St-Paul zu Oochen, dem Paschtouer Wilhelm Sartorius, dem Mgr. Jean-Théodore Laurent (vun 1841-1848 Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg) an e puer gläichgesënnten Dammen, huet si den 2. Februar 1844 d’Kongregatioun vun de ‘Schwëstere vum aarme Kand Jesus’ gegrënnt an huet sech bedürftege Kanner a Jugendlecher ugeholl, fir hinnen, duerch hir pädagogesch Aarbecht, eng serieux schoulesch Ausbildung ze garantéi- eren.
D’Kongregatioun, déi séier gewuess ass, gouf 1848 vum Äerzbëschof vu Köln, dem Johannes von Geissel, an 1869 vum Poopst Pius IX. unerkannt. An de Joren 1848 bis 1872 koum et zu weideren 23 Nidderloossungen a Preußen.
Am sougenannte Kulturkampf awer goufen d’Nidderloossungen ënnert dem Räichskanzler Otto von Bismarck opgeléist, esou och d’Mutterhaus zu Oochen, an d’Schwësteren hunn 1875 Preußen misse verloossen.
D’Clara Fey huet sech mat hire Schwësteren awer net ënnerkréie gelooss. Direkt hannert der preisesch-hollännescher Grenz hunn si sech zu Simpelveld (NL) etabléiert an do en neit Mutterhaus gegrënnt.
Wéi d’Clara Fey den 8. Mee 1894 zu Simpelveld stierft, war de Kulturkampf schonns laang eriwwer an dofir konnt si och nach materliewen, wéi d’Schwësteren nees zréck op Oochen gaange sinn, a wéi hir Kongregatioun duerch weider Klouschter-Grënnunge wäit iwwert d’Grenze vu Preußen an Holland eraus international sozial engagéiert war – och zu Lëtzebuerg.
D’Clara Fey gouf fir d’éischt um Schwëstere-Kierfecht a spéider an der Klouschterkierch zu Simpelveld bäigesat. Nodeems 2012 d’Schwëstere Simpelveld opginn hunn, koum si an d’Krypta vum Oochener Doum.
Säit hirer Séilegspriechung de 5. Mee 2018 läit si an der ‘Kind-Jesu-Kapell’ vum fréiere Mutterhaus zu Oochen.
Séileg Clara Fey, biet fir all am Sozialwiesen engagéiert Matmënschen, a fir äis all.
(Text: J.-P. REINERS)


Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement