Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
Am Alldag brauchen mir Zeechen, Symboler a Gesten fir eis ze verstännegen.
Och am Glawen ginn et dës, an dat sinn d’Sakramenter.
Gott huet eis gär.
Hie wëll eis Guddes maachen.
Gott wëll an eisem Liewen eng Plaz hunn an eist ganzt Liewen bei eis sinn.
Genee dat kënne mir duerch an an de Sakramenter mat all eise Sënner erfueren.
Ganz einfach Saachen ginn zum Zeechen vun der Léift vu Gott:
Waasser an Ueleg, Brout a Wäin, Liicht a Faarwen.
Einfach Gesten erzielen vu Gott:
D’Kräizzeechen, d’Opleeën vun der Hand
Einfach Wierder soen et aus: Gott wëll bei de Mënschen sinn.
Mir feieren d’Sakramenter, fir eis drun ze erënneren, datt Gott d’Mëtt vun eisem Liewen ass.
Mir wëllen him an eisem Liewen eng Plaz ginn.
Esou ass et eng bewosst Entscheedung fir e Sakrament ze empfänken.
Verschidden Sakramenter kënne mir, esou wéi d’Iessen e puer mol empfänken.
Weider Informatiounen zu all eenzelem vun de 7 Sakramenter kritt där andeems där op e “Bild” klickt.