D’Firmung

La confirmation

D’Firmung ass d’Bestätegung vun der Daf.
Besonneg wa mir als Baby oder als Kand gedeeft goufen, hunn eis Elteren, Giedel/Pätter fir eis Jo zum chrëschtlechem Glawen gesot.
Bei der Firmung maache mir dat selwer.

Wien sech also firme léisst, seet der Gemeinschaft: Ich wëll dee Wee mat Jesus a mat iech weidergoen, dee bei menger Daf ugefaangen huet.”

De Bëschof leet dem Firmling d’Hand op a saleft seng Stier mat Chrisam, dem hellegen Ueleg. Hien schwätzt jiddereen mat sengem Numm un: “Sei besiegelt duerch die Gabe Gottes, den Heiligen Geist. Der Friede sei mit dir.”

Dëse Sigel mëscht d’Memberschaft an der Kierch, der chrëschtlecher Gemeinschaft komplett.
Mat eisen Talenter, déi den Hellege Geescht eis schenkt, solle mir d’Kierch mat gestallten. Mir sollen si am Déngscht fir Gemeinschaft asetzen, esou datt se méi lieweg gëtt.


Praktesch Informatiounen


zeréck op d’Sakramenter


(in Deutsch – en français – em portugês – in english)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement