fr lb

Eise soziale Projet fir 2025/26

D’Diakonie an eisen Paren bei hire soziale Projet’en ze ënnerstëtzen

De soziale Projet vun dësem Joer steet ënnert dem Motto:
D’Diakonie an eisen Paren Kordall Sainte-Barbe an Déifferdeng Saint-François-d’Assise bei hire soziale Projet’en ze ënnerstëtzen.

Mir wëllen,

  • déi sozial Schwaach aus eise Paren ënnerstëtzen
  • an awer och eise Kanner a Jugendlechen,
    schéi Momenter am Laf vum Joer erméiglechen.

Mär denken dobäi u folgend Aktivitéiten:

  • Noël de l’Amitié:
    Mir invitéieren déi Äermsten aus eiser Mëtt a verbréngen e puer gemittlech Stonnen bei engem gudde Maufel.
  • En Ausfluch am Summer mat de Kommiounskanner.
  • E Minitrip op Taizé mat der Jugend, déi sech op Firmung virbereeden.
  • E gudden Eisekuch iesse goen wa mir an d’Oktav ginn …
  • an nach vill aner Projet’en ...

Wann dir eis ënnerstëtze wëllt, da kënnt dir dat mat engem Don maachen.

Kont LU71 0030 2614 4968 0000
Numm Kierchefong CGP 27 Differdange
Iwwerweisungsmatdeelung CGP 27 « Don Diakonie »

weider Aktivitéiten an Informatioun zu der Diakonie


zeréck op d’Haaptsäit

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement