|
Daf - Baptême
Praktesch Informatiounen:All Mount hu mir een Dafweekend an all Dafe fannen an der Parkierch zu Mamer statt. Wien d’Sakrament vun der Daf fir e Puppelchen freet, soll sech am Sekretariat vun der Par zu Nouspelt mellen. Hei gitt dir och déi nächst Terminer gewuer. Fir Kanner déi schons an d’Schoul ginn (ab 5/6 Joër), as eng besonnesch Virbereedung noutwendeg. Och an dësem Fall melld dir iech am Sekretariat. Hei kritt dir dann all wichteg Informatiounen. Och fir déi Erwuessen, déi wëllen gedeeft ginn, as eng besonnesch Virbereedung virgesinn, déi vum Office diocésain de Pastorale (ODP) geleet gëtt a Verbindung mat de betreffende Paren. |