Krankesalbung - Onction des malades

Kee mënschlecht Liewen gëtt vu Krankheet, Leed a Belaschtungen verschount. Esou däischter Momenter kënnen de Mënsch ganz séier u seng Grenze féieren. De Mënsch brauch an deene Fäll Courage a Kraaft. Déi kritt e geschenkt duerch aaner Mënschen, déi sech ëm hien këmmeren an déi fir hien do sinn. E kritt se awer och geschenkt duerch Christus selwer am Sakrament vun der Krankesalbung. Duerch d’Salbung mat dem Krankenueleg gëtt de Kranken gestäerkt, fir seng Krankheet besser droen ze kënnen, awer och den eelere Mënsch fir frou kënnen duerch den Alter ze goen. Wéi heescht et an der Spendeformel: Durch diese heilige Salbung helfe dir der Herr in seinem reichen Erbarmen, er stehe dir bei mit der Kraft des Heiligen Geistes. Der Herr, der dich von Sünden befreit, rette dich, in seiner Gnade richte er dich auf.»

Laang Zäit gouf dëst Sakrament als ‘Letzte Ölung’ bezeechent, gespend wann d’Doudesstonn no war. Haut awer gëtt d’Sakrament vun der Krankesalbung gefeiert a gespend an Zäiten vu schwéirer Erkrankung oder virun enger Operatioun. D’Sakrament vun der Krankesalbung ass e Sakrament vun de Liewegen; et wëll Hoffnung schenken duerch de Bäistand vum Härrgott.

Praktesch Informatiounen:

Wien d’Sakrament vun der Krankesalbung oder och d’Krankekommioun empfänke wëll, soll sech am Sekretariat vun der Par (Tel: 26 10 21 78) oder bei engem vun de Paschtéier mellen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement