Massendénger - Servants d’autel

Massendénger-Auslfug 2023 Excursion des servants d’autel 2023

Lued iech HEI den Ziedel mat allen Informatiounen eroof. Fëllt den Umeldeformular an d’Fiche médicale aus a schéckt se bis den 1. Juli eran.
Veuillez télécharger ICI la fiche d’inscription avec toutes les informations. Remplissez et renvoyez-là jusqu’au 1er juillet.

Wien si mir? Wat maache mir?

D’Massendénger an d’Massendéngerinnen aus der Par Mamerdall-St. Christophe sinn eng jonk dynamesch Grupp vu Kanner a Jugendlechen, déi Spass a Freed drun hunn, fir an eisen 10 Kierchen a Kapellen vun der Par eise liturgeschen Déngscht ze versinn. Gäeren dénge mir an de normale Sonndesmassen awer och bei Begriefnësser, an Hochzäiten.

Präsent si mir och, wann ett heescht e Kand soll gedeeft ginn. Villfälteg ass eisen Déngscht um Altor. Ëmmer erëm entdecke mir nei Saachen, an hëllefen de Paschtéier esou gutt mir dat kënnen.
Mat Freed si mir Massendénger awer nëtt nëmmen, wa mir an der Kierch zesumme sinn. Bei eis leeft nach villes méi. Eemol am Joër maache mir eng grouss Opnahmfeier, wou mir déi nei Massendénger an eiser Mëtt begréissen, ginn da Pizza iessen an ennerhuelen eppes zesummen. Am Juli feiere mir eise Patroun, den hellegen Tarcisius a mir maachen eise groussen Massendénger-Ausfluch. An der Karwoch gi mir klibberen an ersetzen d’Klacken. Ausserdeem huele mir un der Sprangprëssëssioun zu Iechternach, wéi u villen Manifestatiounen oder Wallfahrten, déi vun der diözesaner ‘Equipe Lëtzebuerger Massendénger’ organiséiert ginn, deel. Esou léiere mir eis all ëmmer besser kennen a mir ginn eng staark Trupp an der Par, op déi een ziele kann.

Wien zu eis wëll gehéiren soll sech mellen:

KNOCH Nicole
621 18 50 15
nicole.knoch cathol.lu

PDF 404.1 kB, 9. Juni 2023
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement