Beicht - Sacrement de la réconciliation

Mir Mënschen si ständeg gefuerdert eis ze entscheeden, zwëschent deem waat richteg a gutt, an deem waat falsch a schlecht ass. Zevill oft schloë mir dobäi de falsche Wee an, deen eis an eng Richtung féiert a Saachen maachen oder soë léisst, déi mir eigentlech net wollten. Wéi soot den hl. Paulus schons: «Daat Gutt waat ech wollt, maachen ech net, an daat d’Béist waat ech net wollt, machen ech » (Réimerbréif 7,19). Also mir maachen ëppes géint Gott (an och géint eis Matmënschen), mir ginn also schëlleg. Wien awer emkéiert a bereet ass, seng Schold anzegestoen, wiem seng Feler Leed dinn a bereet ass sech ze besseren, a Gott seng Sënnen bekennt, deem verzeiht Gott am Sakrament vun der Bouss. Firwat da bei ee Geeschtlechen goe mussen? Daat kann ech jo selwer mat Gott an d’Rei maachen! Och wann déi perséinlech Démarche wichteg ass, bleiwt awer datt Christus ’Mënschen beoptragt huet fir dest Verzeien vu Gott ze soen an de Matmënschen ze hëllefen um «gudde» Wee ze bleiwen. An d’Priester si beoptragt d’Sënden ze verzeien an Zeien ze sinn vun der Barmhäerzegkeet vu Gott.

Praktesch Informatiounen:

Wann dir wëllt d’Sakrament vun der Beicht empfänken, da mellt iech bei engem vun de Paschtéier.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement