Priesterweih - Ordination sacerdotale

Duerch d’Sakrament vun der Weih gi Männer an den Dengscht vu Gott an der chrëschtlecher Gemeinschaft, der Kierch gestallt. Sie verpriechen als trei Mataarbechter vum Bëschof hiert Amt auszeüben, andeems sie d’Evangelium gewëssenhaft verkënnegen a liewen, an d’Sakramenter feieren sou wéi d’Kierch se feiert. Si sollen d’Suerg hunn fir d’Wuel vun all de Mënschen a besonnesch déi, déi de Bëschof hinnen uvertraut huet. Si stinn am Dengscht vun der chrëschtlecher Gemeinschaft a mat de Laien suergen sie datt Gott geluewt a gefeiert gëtt, datt d’Mënschen d’Hoffnung net verléieren an datt Geschwësterlechkeet gedeelt gëtt.

Praktesch Informatiounen:

Direkt Informatiounen kritt der gär bei Aeren Geeschtlech oder direkt op dëser Adresse:

Grand Séminaire de Luxembourg
Centre Jean XXIII
52, rue Jules Wilhelm
L- 2728 Luxembourg
Tél. : 43 53 83
http://seminaire.cathol.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement