|
Firmung - ConfirmationD’Firmung (lat.: Stärkung) ass d’« Vollendung » vun der Daf. Am Sakrament vun der Firmung empfänkt de Gedeeften den Hellege Geescht – d’Kraaft an d’Léift vu Gott. Duerch des Gof gëtt hien en ‘erwuessene Chrëscht’. Hie gëtt gestäerkt, fir Zeechness ofzeleeën fir Christus an der Welt an esou Verantwortung ze iwwerhuelen fir datt de Glaawen net verluer geet an d’Gemeinschaft vun der Kierch ëmmer méi grouss gëtt. Praktesch Informatiounen:E Sakrament ass eppës Wichteges a Grousses. Fir dëst richteg ze erliewen an ze verstoen op wat een sech aléisst, gehéiert eng grondleeënd Virbereedung. De Parcours soll all déi Persounen uschwätzen déi 15 Joer hunn oder méi al sinn. |