|
Massendénger - Servants d’autelMassendénger-Auslfug 2023 Excursion des servants d’autel 2023
Lued iech HEI den Ziedel mat allen Informatiounen eroof. Fëllt den Umeldeformular an d’Fiche médicale aus a schéckt se bis den 1. Juli eran. Wien si mir? Wat maache mir?D’Massendénger an d’Massendéngerinnen aus der Par Mamerdall-St. Christophe sinn eng jonk dynamesch Grupp vu Kanner a Jugendlechen, déi Spass a Freed drun hunn, fir an eisen 10 Kierchen a Kapellen vun der Par eise liturgeschen Déngscht ze versinn. Gäeren dénge mir an de normale Sonndesmassen awer och bei Begriefnësser, an Hochzäiten. Präsent si mir och, wann ett heescht e Kand soll gedeeft ginn. Villfälteg ass eisen Déngscht um Altor. Ëmmer erëm entdecke mir nei Saachen, an hëllefen de Paschtéier esou gutt mir dat kënnen. Wien zu eis wëll gehéiren soll sech mellen: KNOCH Nicole |