
|
Newsletter zur "Neier Par"Léif Leit alleguer, d’Bistumsleedung huet 2015 beschloss d’Äerzdiözes an „nei Paren” anzedeelen, fir op pastoralem an personalem Plang den Ufuerderunge vun der Zäit gerecht ze ginn. Et ass dunn op iewëschtem Niveau decidéiert ginn, dës „nei Par“ hei an de Grenze vum aktuelle Parverband Fiels ze maachen. Well mir an deenen 9 Paren, 5 Gemenge mat 18 Kierchen a Kapellen awer schonn zanter bal 25 Jar „mateneen um Wee sinn“ a scho munches funktionéiert, wäert et op Anhieb lo an isem Eck mol keng fundamental Ännerunge ginn. Dëst wëll awer net heeschen, datt mir stoe bleiwe sollen. Am Géigendeel, mir sollen als Gemeinschaft erëm méi beienee réckelen an zesumme wuessen, wéi an de letzte Jaren. Fir dës Zukunft virzebereeden, ass e synodale Prozess vum Bistum an d’Weeër geleet ginn, wou déi eenzel Gemeinschaften dräi Aufgabe kruten : 1) en Zukunftsbréif schreiwen ;
An 3 offizielle Versammlungen (25. Abrëll, 9. Mee an de 27. Juni) mat allen Interesséierte konnten zesummen mam Här Gérard Kieffer vum „Service de la Pastorale“ zwou vun deenen dräi gestallten Aufgaben preparéiert an erfëllt ginn. De Begleetgrupp wënscht Iech all nach eng schéin Rëscht-Vakanz an zielt op Är Mathëllef an Ënnerstëtzung. Mat allerbeste Gréiss Sr. Fernande Kalmes, Abbé Robert Kuzwela, Marc Linden,Retour ligne automatique |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement