E grousse MERCI!

  • eise Koschteren an alle Leit, déi eis Kierche mat vill Goût an der Rei halen an dekoréieren, an dat éierenamtlech;
  • deene Fräiwëllegen, déi d’Kierchen Dag fir Dag op- an zouspären a kucken, dass alles an der Rei ass;
  • de Massendénger, déi mat Freed a Würd hiren Déngscht erfëllen;
  • de CGPen an de Kiercheréit, déi d’Immobilien an d’Finanze vun eise Pare geréieren a sech vill Gedanke maachen, fir dass eis Paren och an deenen nächste Joren iwwerliewe kënnen;
  • de CPPen, déi d’Parliewe mat Rot an Dot beräicheren;
  • eise Chorallen, den Dirigenten an Organisten fir di schéi Massen an di vill Prouwen, déi domat verbonne sinn;
  • de Leit, déi d’Kierchewäsch mat vill Léift schéi propper an der Rei halen;
  • de Lektoren, déi net fäerten, virun der Gemeinschaft ze liesen;
  • eise Museken, déi drop halen, reliéis Feiere würdeg matzegestalten;
  • alle Veräiner, déi äis dacks hëllefen;
  • der Katechees-Ekipp mat de Benevollen, déi eis Kanner a Jugendlech am Glawe begleeden a bei de Familljen- a Kannergottesdéngschter mathëllefen;
  • deene villen Donateuren, déi eis finanziell hëllefen, eis Kierche stänneg ze verschéineren an domat an der Rei ze halen;
  • deene ville léiwe Leit, déi eis Kierchen esou schéi maache fir Chrëschtdag (Beemercher, Krëppercher, Blummen, etc.);
  • de Gemengenaarbechter, déi vill an a rondrëm eise Kierche schaffen;
  • deene Villen, déi sech an eise Kierchen an an eise Paren éierenamtlech bei esou villen Déngschter asetzen;
  • schlussendlech ee grousse Merci Iech all, déi Dir eis Gottesdéngschter besicht an eis moralesch an am Gebiet ënnerstëtzt.

All zesumme si mir Kierch!

D’Pastoralteamer vun de Paren Äischdall a Mess-Réibierg:
Jacques Bruns, Gilberte Bodson, Philippe Krier, Sonja Mack-Ernster

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement