
|
|
D’Fassad vun der Sprénkenger Kierch gouf gebotztEng spezialiséiert Firma huet d’Fassad vun der Sprénkenger Kierch ufanks September gebotzt.
D’Fassad war iwwer Jore befall vun Algen an engem Pilz. Si ass mat Héichdrock gewäsch ginn an duerno mat enger spezieller Protektioun behandelt ginn. Elo gesäit déi Sprénkenger Kierch nees schéi propper aus an ass kee Schandfleck méi matten am Duerf. Des Weidere war d’Fassad net méi am Aklang mat deem wonnerschéine Kierchemobilier an der Kierch.
Elo presentéiert sech d’Kierch, e reliéis kulturelle Patrimoine, och vu baussen an engem propperen Outfit, deen der Valeur vun der Kierch gerecht gëtt. Dës Aarbechten hu 6.000 € kascht, déi de CGP huet mussen droen. Dofir hate mir un Är Generositéit appelléiert. Vill Leit, deenen dës Realisatioun wichteg war, hunn de Projet mat engem generéisen Don ënnerstëtzt. Hinnen all ee ganz häerzleche MERCI! Par Mess-Réibierg Sainte-Famille: 👉 Hei fannt Dir eng Dokumentatioun mat Plang vun de Fënsteren: |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
